Armand Blau

Vu Wikipedia
Armand Blau
Gebuer 3. Mäerz 1929
Gestuerwen 24. Februar 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


Den Armand Blau, gebuer den 3. Mäerz 1929 an der Stad Lëtzebuerg zu Bouneweg, gestuerwen de 24. Februar 2010 zu Harlingen an Holland, war ee fréieren Ënneroffizéier vun der Arméi, Hotelier an Auteur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

  • Primärschoul zu Gaasperech.
  • Mat 17 Joer ass hien an d'Garde-Kompanie ("Compagnie de la Garde grand-ducale") vun der Arméi agetratt.
  • 1952 huet hie sech fräiwëlleg an deen zweete lëtzebuergesche Contingent (kommandéiert duerch de Rudy Lutty, deemools Läitnant) fir de Korea-Asaz gemellt.
  • 1959 ass hien an d'Schwäiz an d'Hotelschoul gaangen. Duerno huet hien a bekannten Hotellen an der Schwäiz an an Holland geschafft.
  • 1992 ass hie mat der "Croix d'honneur et de mérite militaire" ausgezeechent ginn.

Den Armand Blau, deen och "Chevalier de l'Ordre grand-ducal de la Couronne de Chêne" war, war bestuet a Papp vun zwee Kanner. Dee leschten Deel vu sengem Liewen huet hien an Holland verbruecht.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • With our deepest regret... = Zu unserem tiefsten Bedauern... = Met diep leedwezen.... = Avec notre profond regret... Harlingen, DCU: Herman Postaul, 1997, 311 S.
  • Im Schatten der Wälder = In the shadow of the forests = Dans l'ombre des forêts = In de Schaduw van de Bossen. Luxembourg: Impr. Saint-Paul, 1996, 799 S.
  • Tränen...: Eltern weinten um ihre Söhne = Tears...: crying for their sons... Aus dem Englischen übersetzt von Liette Derrmann-Loutsch. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 1995, 219 S.
  • Vor 50 Jahren: der Kampf in den Ardennen, die SS vor ihren Richtern, der Leidensweg der Völker. Christnach, Émile Borschette, 1994, 379 S.
  • Krieg im Land der Morgenstille: der Luxemburger Einsatz in Korea. Luxemburg, Éd. Saint-Paul, 1993, 195 S.
  • Mort par pendaison: souvenir aux 84 prisonniers américains tués par les allemands à Baugnez (Malmédy). Christnach, Émile Borschette, 1992, 238 S.
  • A sea of blood. London, Excalibur Press, 1991, 210 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (art). "Krieg im Land der Morgenstille" in Diekirch vorgestellt: Eine Dokumentation über den Luxemburger Einsatz in Korea. In: "Luxemburger Wort" vum 7. Mee 1993, S. 16.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]