Josef Stalin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Josef Wissarionowitsch Stalin, gebuer als Iosseb Bessarionis dse Dschughaschwili den 18. Dezember 1878 zu Gori (Georgien) a gestuerwen de 5. Mäerz 1953 zu Moskau, war e sowjetesche Politiker.
Als Jong vun enger aarmer georgescher Schousterfamill goung hien zu Tiflis an de Seminaire fir Paschtouer ze ginn. Do gouf hien awer 1899 wéint senge revolutionairen Aktiounen erausgehäit.
Zënter 1903 war hie Bolschewist an ënner dem Decknumm Koba am kommunisteschen Ënnergrond aktiv. Der Verbannung no Sibirien ass hien duerch e puer reskéiert Fuiten entgaang.
No der Revolutioun a Russland huet hie verschidde wichteg Aufgaben an der Partei an an der Regierung iwwerholl.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Josef Stalin – Biller, Videoen oder Audiodateien |