Elsass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag France template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Elsass
Flag of Alsace.svg
Departementer Haut-Rhin (67) , Bas-Rhin (68)
Préfecture Stroossbuerg
Awunner 1 794 000 Awunner
Bevëlkerungsdicht 217 Aw./km²
Fläch 8 280 km²
Arrondissementer 13
Kantonen 75
Gemengen 904
President Philippe Richert
Alsace map.png
Déi germanesch an franco-romanesch Dialektgruppen am Elsass

Den Elsass, (offiziell Alsace op Franséisch, s'Elsass op Elsässesch, das Elsass op Däitsch), ass eng franséisch Regioun déi aus den zwéin Departementer Haut-Rhin a Bas-Rhin besteet.

Ganz vill Leit am Elsass, besonnesch um Land, schwätzen nach ëmmer een däitschen Dialekt, an an der Regioun ginn och haut nach al "däitsch" Bräicher geflegt, wat dem Gebitt eng gewëssen Eegenaart bannent dem franséischen Ensembel gëtt.

Geschichtlech Anekdoten[änneren | Quelltext änneren]

Den Hans Georg vun Zedlitz, ee vun den deemolege Stroossbuerger Stadmeeeschteren a Mann vun der Maria Esther vu Müllenheim, huet am Joer 1681 versicht Hëllef aus dem Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun géint d'Zaldote vum franséische Kinnek Louis XIV. ze kréien, mä ëmsoss. Sou ass den 30. September 1681 déi bekannt Kapitulatiounsurkund vun Illkirch ënnerschriwwe ginn, an d'Elsass ass vum Räich of u Frankräich gefall.

Den Territoire de Belfort huet fréier och zum Elsass gezielt.

Autonomismus[änneren | Quelltext änneren]

Am Elsass gëtt et scho laang eng gewëssen Traditioun vun Autonomismus. Et däerf een s'awer net iwwerschätzen, well bekannterweis sinn déi allermeescht Elsässer zefridde mat hirer franséischer Nationalitéit.

Och tëscht 1871 an 1918, wéi d'Elsass mat engem Deel vu Loutrengen als Reichsland zu Däitschland gehéiert huet, hunn d'Elsässer gréistendeels, grad wéi hir gewielte Vertrieder am franséische Parlament, vehement géint d'Annexioun protestéiert. Ganz vill hunn och mat hire Féiss géint Däitschland gestëmmt: si si fortgezunn, fir sech an der "France de l'intérieur" néierzeloossen an deemno weiderhi Fransousen ze bleiwen.

Ënner déi wéineg Autonomisten oder souguer Separatisten, mësche sech leider och mol aner, extremistesch Aktivisten. Sou huet d'franséisch Regierung 1993 eng Neonazi-Grupp opgeléist, déi "Heimattreuen-Vereinigung Elsass" geheescht a mat däitsche Schwësterorganisatioune geschafft huet [1].

Den 31. Oktober 2009 ass déi regionalistesch Partei Unser Land - Le Parti Alsacien gegrënnt ginn, déi d'Zil verfollegt, d'Elsass z'eenegen an onofhängeg ze maachen. An enger Stéchwal huet den David Heckel de 27. Mäerz 2011 géint de Simon Schmidt (UMP) mat 54,79 % vun de Stëmme gewonnen an ass domat zum neie Generalrot (conseiller général) vum Kanton Sarre-Union gewielt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Erbe, Das Elsass - Historische Landschaft im Wandel der Zeiten ; Stuttgart, 2002.
  • Georges Bischoff (mam Christophe Simon a mam Zeechner Jacques Martin), Histoire d'Alsace ; Stroossbuerg (La Nuée Bleue & DNA), 2001; ISBN 2-7165-0438-5
  • Kollektiv (~50 Auteuren), Alsace, terre rhénane, porte de l'Europe ; Revue Historiens & Géographes , Nr. 347 / Februar 1995 ; 498 Säiten; ISSN 004675X
  • L. Sittler, L'Alsace, terre d'histoire ; Colmar, 1972.
  • Ph. Dollinger, J.-J. Hatt, F. L'Huillier, G. Livet, R. Marx & F. Rapp, Histoire de l'Alsace ; Toulouse (Privat), 1970.
Kapitul1.jpg
Kapitul2.jpg
Kapitulatiounsurkund vun Illkirch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alsace – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 2. September 1993