Sigourney Weaver

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sigourney Weaver

D'Sigourney Weaver (Susan Alexandra Weaver) ass eng amerikanesch Schauspillerin. Si ass den 8. Oktober 1949 zu New York gebuer.

Vun hirem éischten Optrëtt virun enger Kino-Kamera si 6 Sekonne Rescht bliwwen. Dat war 1977 am Woody Allen sengem Annie Hall.

Mat der Roll vun der Ripley aus dem Film Alien vum Ridley Scott ass d'Sigourney Weaver op ee Schlag bekannt ginn. An den dräi Suiten Aliens, Alien 3 an Alien the Resurrection war si och nach an der Roll vun der Ripley ze gesinn.

Si huet an hirer Carrière mat ville bekannte Regisseuren, wéi dem Peter Weir, dem William Friedkin, dem Mike Nichols, dem Jean-Pierre Jeunet an dem Roman Polanski zesummegeschafft.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sigourney Weaver – Biller, Videoen oder Audiodateien