Gérard Blain

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gérard Blain, gebuer den 23. Oktober 1930 zu Paräis, an do gestuerwen de 17. Dezember 2000, ass e franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

De Gérard Blain huet mat 13 Joer d'Schoul verlooss an huet op der Strooss gelieft.

A senger Autobiographie Un enfant dans la foule schreift hien iwwert sech: Depuis mon enfance, je me considère avec la société en état de légitime défense.

Bei de Film kënnt hien duerch Statisterollen. Am Alter vu 26 Joer kritt hie vum Julien Duvivier eng grouss Roll am Film Voici le temps des assassins. A Filmer vum Claude Chabrol ewéi Les cousins a Le beau Serge kritt hien Haaptrollen ze spillen. Hollywood bitt him eng Roll am Film Hatari vum Howard Hawks mam John Wayne an Hardy Krüger.

Vun 1970 un huet hien et och als Filmregisseur versicht mat Filmer ewéi Les amis a Le pélican.

De Gérard Blain huet als Schauspiller a méi ewéi 60 Filmer matgespillt.

Filmer [änneren]

Schauspiller (Auswiel) [änneren]

Regisseur [änneren]

Dréibuchauteur [änneren]

Um Spaweck [änneren]