Laurent Terzieff

Vu Wikipedia
Laurent Terzieff
Gebuer 27. Juni 1935
Toulouse
Gestuerwen 2. Juli 2010
13. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Buffon
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Pascale de Boysson
Papp Jean Terzieff
Geschwëster Brigitte Terziev, Catherine Terzieff

De Laurent Didier Alex Terzieff, gebuer de 27. Juni 1935 zu Toulouse a gestuerwen den 2. Juli 2010 zu Paräis, war e franséische Schauspiller an Theaterregisseur.

Den Terzieff huet 1953 als Acteur am Théâtre de Babylone vum Jean-Marie Serreau am Stéck Tous contre tous vum Arthur Adamov ugefaangen. De Marcel Carné huet him eng Roll a Les Tricheurs (1958) ugebueden, eng Geschicht iwwer en existentialistesche jonke Mënsch. Duerno war den Terzieff a verschiddene Filmer ze gesinn, dorënner dräi vum Claude Autant-Lara (ë. a. Tu ne tueras point, 1961) an ee vum Henri-Georges Clouzot (La Prisonnière).

Weider huet hien an À coeur joie mam Brigitte Bardot gespillt, Les Garçons (1959) vum Mauro Bolognini, baséiert um Buch Ragazzi di vita vum Pier Paolo Pasolini), Vanina Vanini, Le Désert des Tartares, Medea (och vum Pasolini) an a La voie lactée vum Luis Buñuel. An den 1980er Jore war hie virun allem am Theater aktiv. Hie war awer och nach a Filmrollen ze gesinn, wéi z. B. a Rouge Baiser (1985), Germinal (1993) a Le radeau de la Méduse (1998).

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laurent Terzieff – Biller, Videoen oder Audiodateien