Claude Jade

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Claude Jade (Claude Marcelle Jorré) war eng franséisch Schauspillerin. Si ass den 8. Oktober 1948 als zu Dijon gebuer, an den 1. Dezember 2006 zu Boulogne-Billancourt gestuerwen.

Mat dem Film Baisers volés vum François Truffaut geléngt der Claude Jade den Duerchbroch am Kino. Si gouf bekannt duerch d'Filmer déi si ënner dem Truffaut senger Regie gedréint huet (Domicile conjugal, L'amour en fuite). De Gérard Brach gëtt hir am Film Le bateau sur l'herbe d'Roll vun engem jonke Meedchen ouni Skrupelen, just de Géigendeel vun deem brave Meedche, dat si gewéinlech virdrun an hire Filmer gespillt huet.

Mat Regisseure wéi Édouard Molinaro (Mon oncle Benjamin), Serge Korber (Les feux de la chandeleur) a Benoît Lamy (Home sweet Home) huet d'Claude Jade sech no an no zu enger vun deene beléifste franséische Schauspillerinnen entwéckelt. Si huet an amerikaneschen (Topaz), belschen, italieneschen, japaneschen, däitschen a russesche Filmer matgespillt.

D'Claude Jade ass den 1. Dezember 2006 an engem Spidol un engem Retinoblastom, engem béisaartegen Aekriibs, gestuerwen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Filmer (Auswiel)

[änneren] Kino

[änneren] Televisioun

[änneren] Literatur

Hir Memoire sinn 2004 publizéiert ginn ënner dem Titel Baisers envolés bei Milan, an der Kollektioun Essais Documents, 224 Säiten.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen