Suzanne Flon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Suzanne Flon

D'Suzanne Flon, gebuer den 28. Januar 1918 zu Kremlin-Bicêtre am Val-de-Marne, a gestuerwen de 15. Juni 2005 an enger Klinik zu Paräis un de Folge vun enger Gastroenterite (Mo-Daarm-Entzündung), war eng franséisch Theater- a Filmschauspillerin.

D'Suzanne Flon schafft fir d'éischt an de Grands Magasins du Printemps wou se wéinst hirer Zweesproochegkeet englesch Touriste beréit.

Si ass besonnesch vum Theater hier bekannt. Nodeem si e puer Méint d'Sekretärin vun der Édith Piaf war, krut si 1943 d'Brieder ënner d'Féiss an der Comédie des Champs-Élysées wou si ënner anere Rollen 1944 d'Ismène am Jean Anouilh senger Antigone spillt.

Nom Zweete Weltkrich dréit si Filmer mat ville grousse Filmregisseuren, wéi de Claude Autan-Lara, den John Huston an den Orson Welles. Hire leschte Film war dem Claude Chabrol säi La demoiselle de bonheur.

Hire leschten ëffentlechen Optrëtt hat d'Suzanne Flon den 8. Mee 2005 op der Bühn vun der Opéra comique zu Paräis bei der Ouverture vun der XIVe Nuit des Molières.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

"Au théâtre comme au cinéma, cette actrice-née donnait avant tout l'impression d'être elle-même", schreift de Jacques Chirac a sengem Hommage nom Doud vun der Suzanne Flon, an e begréisst "la netteté de sa voix, la finesse de ses traits et la grâce de sa silhouette. Elle avait le secret de la jeunesse de l'âme et du coeur, qui est aussi celui de l'enthousiasme et de la volonté. Sous une apparence frêle, elle était animée d'une énergie inlassable qui continuait sans cesse de la porter, à près de 90 ans, vers de nouveaux projets", poursuit le communiqué diffusé par l'Elysée.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Suzanne Flon – Biller, Videoen oder Audiodateien