Isabelle Adjani

Vu Wikipedia
Isabelle Adjani
Gebuertsnumm Isabelle Yasmina Adjani
Gebuer 27. Juni 1955
17. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Florent
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Sänger, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Delegéierte Produzent
Famill
Liewenspartner(in) Bruno Nuytten, Daniel Day-Lewis, Warren Beatty, Stéphane Delajoux
Papp Mohammed Chérif Adjani
Mamm Emma Augusta Adjani

D'Isabelle Yasmine Adjani, gebuer de 27. Juni 1955 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.

Obwouel d'Isabelle Adjani hir éischt Experienzen als Schauspillerin a Kinofilmer gemaach huet, gouf si fir am Ufank als Theaterschauspillerin bekannt. 1972 hat si an der Comédie-Française mat hiren Interpretatioune vun der Ondine am Jean Giraudoux sengem Stéck mam selwechten Numm, an der Agnès am Molière senger Ecole des femmes grousse Succès. Béid Stécker goufen duerno mat hir fir d'Televisioun adaptéiert.[1],[2]

Hir Filmcarrière huet 1970 mam Kannerfilm Le petit Bougnat vum Bernard Toublanc-Michel ugefaangen. Hiren Duerchbroch hat se am François Truffaut sengem L'histoire d'Adèle H. an der Roll vum Victor Hugo senger Duechter, wat hir eng Oscar-Nominéierung abruecht huet. Duerno koume Rollen ë. a. am Roman Polanski sengem Le locataire (1976), dem André Téchiné sengem Politthriller Barocco an am Werner Herzog senger Dracula-Verfilmung Nosferatu: Phantom der Nacht. An den 1980er Joren hat si virun allem Succès mat hiren Interpretatiounen am Claude Miller sengem Mortelle randonnée, dem Jean Becker sengem L'été meurtrier (César als bescht Haaptroll), an dann nees am Luc Besson sengem Subway (1985) an an der Roll vun der Camille Claudel am Film mam selwechten Titel, woufir s'en César an e Sëlwere Bier zu Berlin krut. Den Hollywood-Film Ishtar war dogéint e Flop, trotz sëllegen anere Staren.

An den 1990er Joren huet si a Filmer wéi Toxic Affair (1993), La reine Margot vum Patrice Chéreau (1994) an Diabolique (1996) vum Jeremiah S. Chechik (mat der Sharon Stone), der Neiverfilmung vum Henri-Georges Clouzot sengem Klassiker Les diaboliques matgespillt, huet sech an de Joren duerno dann awer méi ëm hir Famill gekëmmert.

2002 war si nees an der Laetitia Masson hirem La repentie (2002) ze gesinn, an duerno a méi klenge Rolle wéi am Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran (2003). E puer Tëleessfilmer koumen no, a vun 2008 un och nees Kinosfilmer, wéi dem Jacques Weber säi Figaro an dem Jean-Paul Lilienfeld säi La journée de la jupe, woufir se hire fënnefte César als bescht Schauspillerin krut, eppes, wat bis ewell soss nach kee fäerdegbruecht huet.

D'Isabelle Adjani huet och a puer Lidder opgeholl, dat bekanntst ass Pull Marine, geschriwwe vum Serge Gainsbourg, dat 1983 en Nummer-Eent-Hit a Frankräich war.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isabelle Adjani – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kurzbiographie Adjanis am BiFi
  2. Adjani, Isabelle (1980): „Isabelle Adjani“ in: Jean-Luc Douin (Hrsg.): Comédiennes aujourd'hui: au micro et sous le regard, Paris: Lherminier.