Hanna Schygulla

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hanna Schygulla, 2005

D'Hanna Schygulla ass eng däitsch Filmschauspillerin. Si ass de 25. Dezember 1943 zu Chorzów a Polen gebuer.

D'Hanna Schygulla huet de Rainer Werner Fassbinder an engem Cours fir Schauspiller begéint. Duerno hu si zesummen am Antitheater geschafft.

Bekannt ass si awer ginn duerch d'Filmer déi si ënner dem Rainer Werner Fassbinder senger Regie gedréint huet.

Spéider huet si och mat ville bekannten europäesche Regisseuren ewéi Jean-Luc Godard, Carlos Saura, Marco Ferreri an Ettore Scola geschafft.

D'Hanna Schygulla trëtt och an de leschte Joren als Interpretin vu Lieder a Chansons op.

Filmer (Auswiel) [änneren]

Gielercher [änneren]