Peer Raben

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Peer Raben, (Wilhelm Rabenbauer) gebuer den 3. Juli 1940 zu Viechtafell am Landkrees Regen (Bayrischer Wald) an Däitschland, a gestuerwen den 21. Januar 2007 zu Mitterfels, war en däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.

De Peer Raben huet zu München Musek- an Theaterwëssenschaft studéiert. Zu Berlin an zu Wuppertal huet hien duerno als Schaupiller am Theater gespillt. 1966 war hie Matgrënner vum Action-Theater zu München.

De Peer Raben huet fir eng 90 Filmer d'Musek komponéiert. Nieft der Musek fir Fassbinder Filmer, huet hien awer och fir Filmer vun anere Regisseuren (Robert van Ackeren, Barbet Schroeder, Peter Zadek, Percy Adlon an Daniel Schmid) d'Musek geschriwwen.

Nodeem de Raben 1993 e Schlag kritt hat, huet hien eng gutt Zäit gebraucht, fir nees schwätzen a goen ze léieren. De Peer Raben ass den 21. Januar 2007 an engem Spidol u Kriibs gestuerwen. Eng eege Familljen hat de Raben net.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Komponist (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004 - Hong Kong Film Award -Beschte Filmmusek fir de Film 2046
  • 2004 - Golden Horse Award um Taipei Golden Horse Film Festival - Beschte Filmmusek fir de Film 2046

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]