Rainer Werner Fassbinder

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ërennerungsplack um Kino „Filmhaus“ zu Bad Wörishofen
Graf um Kierfecht zu Bogenhausen

De Rainer Werner Fassbinder, gebuer den 31. Mee 1945 zu Bad Wörishofen, Bayern, a gestuerwen den 10. Juni 1982 zu München, war en däitsche Film- a Bühneregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

De Fassbinder wollt d'Filmhéichschoul zu Berlin besichen, hie gouf awer net zougelooss. 1968 schreift e säin éischt Theaterstéck (Katzelmacher). E grënnt da mat der Irm Hermann, der Hanna Schygulla, dem Peer Raben an dem Kurt Raab de Grupp Antitheater.

Vun 1969 un dréint de Fassbinder ee Film nom aneren.

Seng éischt Filmer bis 1974 dréint de Fassbinder haaptsächlech mat de Schauspiller aus dem Antitheater.

1971 schreift hien eng Étude iwwert d'Melodramen déi den Douglas Sirk zu Hollywood gedréint huet. A spéidere Filmer inspiréiert de Fassbinder sech och um Stil vun deene Mélodramen.

Ufank der 70er Joren dréit de Fassbinder eng ganz Serie bedeitend Filmer ewéi: Der Händler der vier Jahreszeiten, Wildwechsel an Die bitteren Tränen der Petra von Kant.

1979 dréint de Fassbinder dunn Die Ehe der Maria Braun den éischte Film aus der sougenannter BRD Trilogie. Den zweete Film war Lola, an als drëtte koum Die Sehnsucht der Veronika Voss. Ouni Zweifel déi dräi klasseschst a bescht Filmer vum Fassbinder.

Televisounsgeschicht huet hien och mat der Verfilmung an 13 Deeler (15 ½ Stonnen) vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz geschriwwen.

De Fassbinder huet séier geschafft; mat Drogen huet hie sech gedoppt. Mat 37 Joer ass en un enger Iwwerdosis gestuerwen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Filmographie

[änneren] Als Regisseur

[änneren] Kino

[änneren] Televisioun

[änneren] Als Schauspiller

[änneren] Kino

[änneren] Televisioun

[änneren] Um Spaweck

Commons: Rainer Werner Fassbinder – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen