Vanessa Paradis

Vu Wikipedia
Vanessa Paradis
Gebuertsnumm Vanessa Chantal Paradis
Gebuer 22. Dezember 1972
Saint-Maur-des-Fossés
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Marcelin-Berthelot, Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Mannequin, Filmschauspiller, Fotomodell, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Samuel Benchetrit
Liewenspartner(in) Florent Pagny, Johnny Depp, Stanislas Merhar, Benjamin Biolay
Geschwëster Alysson Paradis
Kanner Lily-Rose Depp, Jack Depp

D'Vanessa Chantal Paradis, gebuer den 22. Dezember 1972 zu Saint-Maur-des-Fossés, ass eng franséisch Sängerin a Schauspillerin, déi sech och nach als Mannequin en Numm gemaach huet.

Si hat hiren éischten Optrëtt mat 7 Joer am Jacques Martin senger Tëleesemissioun L'école des fans. No enger éischter Plack, 1985, déi kee Succès hat, ass si 1987 mam Titel Joe Le Taxi net nëmmen a Frankräich (wou se 11 Woche laang Nr. 1 an den Hitparade war) mä och international grouss erauskomm. E vergläichbar grousse Succès hat se 1992 mat der Single Be My Baby.

An den 1990er Joren huet si fir de Parfum Coco Chanel vun der Firma Chanel Reklamm gemaach.

Als Schauspillerin hat si grousse Succès mat hirem éischte Film, Noce blanche (1989), fir dee se 1990 den César fir déi bescht Schauspillerin krut, an och mat Élisa, Un amour de sorcière und La fille sur le pont.

D'Paradis hat e puer Joer eng Relatioun mam Lenny Krawitz, duerno, vun 1998 bis 2012 mam Schauspiller Johnny Depp, mat deem se zwee Kanner huet.

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Studio-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1988: M & J
  • 1990: Variations sur le même t'aime
  • 1992: Vanessa Paradis
  • 2000: Bliss
  • 2007: Divinidylle
  • 2013: Love Songs

Live-Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Vanessa Paradis Live
  • 2001: Au Zénith
  • 2008: Divinidylle Tour
  • 2010: Une nuit à Versailles
  • 2014: Love Songs Tour

Best Of / Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Best of Vanessa Paradis

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987: Joe le taxi (Polydor)
  • 1987: Manolo Manolete (Polydor)
  • 1988: Marilyn & John (Polydor)
  • 1988: Maxou (Polydor)
  • 1989: Coupe coupe (Polydor)
  • 1989: Mosquito (Polydor)
  • 1990: Tandem (Polydor)
  • 1990: Dis lui toi que je t'aime (Polydor)
  • 1991: L'Amour En Soi (Polydor)
  • 1992: Be My Baby (Polydor)
  • 1993: Sunday Mondays (Polydor)
  • 2000: Commando (Barclay)
  • 2007: Divine idylle (Universal)
  • 2009: Il y a (Barclay)

DVDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Au Zénith
  • 2008: Divinidylle Tour
  • 2010: Anthologie 1987-2007

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vanessa Paradis – Biller, Videoen oder Audiodateien