Serge Gainsbourg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Serge Gainsbourg, 1981.

De Serge Gainsbourg, mam richtegen Numm Lucien Ginsburg, gebuer den 2. Abrëll 1928 zu Paräis a gestuerwen och do den 2. Mäerz 1991, war e franséische Museker, Komponist, Sänger, Auteur, Schauspiller a Filmregisseur.

Hie gëllt als eng vun de wichtegste Figure vun der franséischer Chanson- a Pop-Musek, ass och bekannt fir seng dacks provokativ a skandaléis Texter, wéi och säi Behuelen, sou datt en alt de Bäinumm "Enfant terrible" vun der franséischer Chanson krut. Bemierkenswäert ass d'Zuel an de Succès vu senge Lidder, déi en zum Deel fir anerer geschriwwen huet, zum Deel selwer opgeholl a gesongen huet. Hire Stil geet vum Jazz iwwer Mambo, World, Chanson, Pop, Yé-Yé, Rock and Roll, Progressive Rock, Reggae, Disco, bis hin zur Elektronik. Seng Liddertexter si gespickt mat alt witzegen, alt provokative Wuertspiller, Lautspiller an Zweedeitegkeeten, wéi z. B. d'Lidd Les sucettes, dat e fir d'France Gall geschriwwen hat. Fir d'Gall hat en ë. a. och Poupée de cire, poupée de son geschriwwen, déi domat den Eurovision Song Contest 1965 fir Lëtzebuerg gewonnen hat.

De Gainsbourg kënnt aus enger russesch-jiddescher Kënschtlerfamill, déi virun der Russescher Revolutioun a Frankräich geflücht war. Si hunn den Zweete Weltkrich mat falsche Pabeieren zu Limoges iwwerlieft.

Hien huet um Ufank vu senger Carrière als Moler a Pianist a Bare geschafft. Säi Kënschtlernumm huet hie sech zougeluecht, well "Serge" seng russesch Wuerzele besser erëmgéif wéi "Lucien" (a "Lucien" en un e Coiffersgesell erënnert hätt), an de Familljennumm war en Hommage un den englesche Moler Thomas Gainsborough.[1]

Hien huet sech 1952 mat der Elisabeth "Lize" Levitsky bestuet, ma 1957 nees scheede gelooss. 1964 huet hie sech mat der Françoise-Antoinette "Béatrice" Pancrazzi bestuet, mat där en 2 Kanner hat (Natacha a Paul). 1966 hu si sech nees scheede gelooss. An de spéiden 1967er hat hien eng Affaire mat der Brigitte Bardot (déi deemools mam Gunther Sachs bestuet war; hien huet fir si d'Lidd Initials BB komponéiert, a mat hir e puer bekannte Lidder opgeholl, wéi Bonnie and Clyde oder Je t'aime ... moi non plus. Dat leschtgenannt huet d'Bardot him verbueden erauszeginn (eréischt 1986 huet si d'Zoustëmmung dozou ginn), mä geschwënn duerno huet de Gainsbourg dëst Lidd mat der Englännerin Jane Birkin opgeholl, déi e bei engem Tournage kennegeléiert hat, a mat där e bis an d'1980er zesumme war. Je t'aime moi non plus, mat vill Gekeims dotëscht, war dee Skandalhit schlechthin, deen op ville Radiosstatioune verbuede war, oder nëmmen an enger gekierzter Versioun huet dierfe gespillt ginn.

An den 1970er Joren huet hien e Konzept-Album, Histoire de Melody Nelson (1971) erausbruecht, duerno, 1975, Rock Around the Bunker, an 1976 L'Homme à tête de chou. Déi zwéin Albumen duerno waren am Reggae-Stil (1979 an 1981 op Jamaika opgeholl, dorënner Aux armes et cætera, eng Neivertounung vun der Marseillaise). 1984 an 1987 huet en der zwéi erausbruecht, déi en am Funk-Stil zu New York opgeholl huet.

1982 huet de Gainsbourg en Album fir den Alain Bashung, Play blessures geschriwwen. Hien ass ëmmer méi dacks onraséiert an alkoholiséiert opgetrueden, huet eng Zigarett un där anerer gefëmmt, an huet de Gainsbarre eraushänke gelooss, eng Zort ruckelzeg Versioun vun him selwer, där en awer ëmmer méi no komm ass.

Seng Lidder goufen ëmmer méi exzentresch an deene leschte Joren, vum kontroverse Lemon incest, dat en am Duo mat senger Duechter Charlotte gesongen huet iwwer d'Anti-Droge-Lidd "Aux Enfants de la Chance" bis zu de Lidder vun deene leschten Alben Love on the Beat a You're Under Arrest, mat ville sexuell-konnotéierten Texter.

Mat der Gesondheet ass et biergof gaangen, an hien ass den 2. Mäerz 1991 no engem Häerzschlag gestuerwen.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • La Rivolta Degli Schiavi (1960)
  • Mister Freedom vum William Klein (1969),
  • Les Chemins de Katmandou mam Jane Birkin (1969),
  • Egon Schiele Exzess und Bestrafung vum Herbert Vesely (1980)
  • Slogan mam Jane Birkin,
  • Devetnaest djevojaka i jedan mornar

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1962: Sansone
  • 1962: La furia di Ercole
  • 1967: Anna
  • 1969: Slogan
  • 1970: Cannabis
  • 1976: Je t'aime moi non plus
  • 1980: Je vous aime
  • 1983: Équateur
  • 1985: Clip vum Lidd Lemon Incest
  • 1986: Charlotte for Ever
  • 1990: Stan the Flasher

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Serge Gainsbourg: Evguénie Sokolov. Roman
  • Serge Gainsbourg: Pensées, provocs et autres volutes. le cherche midi, 2006

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1958: Du chant à la une
  • 1959: N° 2
  • 1961: L'Étonnant Serge Gainsbourg
  • 1962: Serge Gainsbourg N° 4
  • 1963: Confidentiel
  • 1964: Percussions
  • 1968: Bonnie & Clyde (mat der Brigitte Bardot)
  • 1968: Initials B.B.
  • 1969: Jane Birkin/Serge Gainsbourg
  • 1971: Histoire de Melody Nelson
  • 1973: Vu de l'extérieur
  • 1975: Rock around the bunker
  • 1976: L'Homme à tête de chou
  • 1979: Aux armes et cætera]]
  • 1981: Mauvaises nouvelles des étoiles
  • 1984: Love on the Beat
  • 1987: You're Under Arrest

Livealbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Enregistrement public au Théâtre Le Palace
  • 1986: Live (Casino de Paris)
  • 1988: Le Zénith de Gainsbourg

Filmmuseken (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960: L'Eau à la bouche
  • 1960: Les Loups dans la Bergerie
  • 1963: Strip-tease
  • 1963: Comment Trouvez-Vous Ma Soeur?
  • 1966: Vidocq, TV
  • 1966: Les coeurs vertes, TV
  • 1966: Le Jardinier D'Argenteuil, TV
  • 1967: Anna, TV
  • 1967: Toutes Folles De Lui, TV
  • 1967: Si j'étais un espion, TV
  • 1967: L'Horizon, TV
  • 1968: Manon 70
  • 1968: Ce Sacré Grand-Père
  • 1968: Le Pacha
  • 1969: Mister Freedom
  • 1969: Slogan
  • 1969: La Horse
  • 1969: Un Petit Garçon Nommé Charlie Brown
  • 1970: Cannabis
  • 1972: Sex-Shop
  • 1976: Je t'aime...moi non plus
  • 1977: Goodbye Emmanuelle
  • 1980: Je vous aime
  • 1985: Tenue de soirée
  • 2001: Le cinéma de Gainsbourg, 3-CD-Kompilatioun

Singlen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Black Trombone" (1962)
  • "La Javanaise" (1963)
  • "Couleur Café" (1964)
  • "New York U.S.A." (1964)
  • "Les Sucettes" (1966)
  • "Hold Up" (1967)
  • "Initials B.B." (1967)
  • "Bonnie and Clyde" (1968) (Brigitte Bardot a Serge Gainsbourg)
  • "Je t'aime... moi non plus" (1969) (Jane Birkin a Serge Gainsbourg)
  • "La Décadanse" (1971) (Jane Birkin a Serge Gainsbourg)
  • "Je suis venu te dire que je m'en vais" (1973)
  • "L'Homme à Tête de Chou" (1976)
  • "Marilou" (1976)
  • "Sea, Sex and Sun" (1978)
  • "Aux armes et caetera" (1979)
  • "Lola Rastaquouère" (1979)
  • "Dieu fumeur de havanes" (1980) (Catherine Deneuve & Serge Gainsbourg)
  • "Sorry Angel" (1984)
  • "Lemon Incest" (1985) (Charlotte & Gainsbourg)
  • "You're Under Arrest" (1987)
  • "Mon légionnaire" (1987)
  • "Requiem pour un con" (1991)
  • "Élisa" (1995)
  • "La Noyée"

Editioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Serge Gainsbourg Intégrale (2011, Philips)
20 CDe mat 271 Stécker, fir den 20. Anniversaire vu sengem Doud erauskomm.

Albumen déi e fir aner Sänger geschriwwen huet[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973: Di doo dah - Jane Birkin
  • 1975: Lolita Go Home - Jane Birkin (d'Halschecht vun de Lidder)
  • 1977: Rock'n rose - Alain Chamfort
  • 1978: Ex fan des sixties - Jane Birkin
  • 1980: Guerre et pets - Jacques Dutronc (Zwee-Drëttel vun de Lidder)
  • 1981: Amour année zéro - Alain Chamfort
  • 1981: Souviens-toi de m'oublier - Catherine Deneuve
  • 1982: Play blessures - Alain Bashung
  • 1983: Isabelle Adjani (or Pull marine) - Isabelle Adjani
  • 1983: Baby Alone in Babylone - Jane Birkin
  • 1986: Charlotte for Ever - Charlotte Gainsbourg
  • 1987: Lost Song - Jane Birkin
  • 1989: Made in China - Bambou
  • 1990: Amours des feintes - Jane Birkin
  • 1990: Variations sur le même t'aime - Vanessa Paradis

Singlen déi e fir aner Sänger geschriwwen huet (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • "Les Incorruptibles" (1965) – Petula Clark
  • "Poupée de cire, poupée de son" (1965) – France Gall
  • "Baby Pop" (1966) – France Gall
  • "Comment te dire adieu?" (1968) – Françoise Hardy
  • "Manureva" (1979) – Alain Chamfort
  • "Dis-lui toi que je t'aime" (1990) – Vanessa Paradis
  • "White and Black Blues" (1990) – Joëlle Ursull (Text)
  • "La Gadoue" (1995) – Jane Birkin

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alan Clayson: Serge Gainsbourg: View From The Exterior. Sanctuary, 1998. ISBN 978-1-86074-222-4
  • Gilles Verlant: Gainsbourg, Albin Michel, Paris 2000, ISBN 978-2226120601
  • Sylvie Simmons; Serge Gainsbourg: A Fistful of Gitanes. Da Capo Press, 2002 ISBN 978-0-306-81183-8
  • Christophe Marchand-Kiss: Gainsbourg. Le génie sinon rien. Les Éditions Textuel, Paris 2005
  • Tony Frank, Ulrike Lelickens: Serge Gainsbourg. Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Serge Gainsbourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. www.notablebiography.com, "Serge Gainsbourg," retrieved September 3, 2012