Catherine Deneuve

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
D'Catherine Deneuve

D'Catherine Deneuve (Catherine Fabienne Dorléac) ass eng franséisch Schauspillerin.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Catherine Deneuve privat

Si ass den 22. Oktober 1943 zu Paräis gebuer an enger Famill vu Schauspiller . Hire Papp war de Maurice Dorléac an hir Mamm d’Renée Deneuve. Hir Schwëster huet den Numm vum Papp a si den Numm vun der Mamm iwwerholl.

Hir Sëschter, d'Françoise Dorléac (1942 – 1967), war och eng bekannte Schauspillerin, déi awer jonk bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum.

Aus hirer Liaisoun mam Filmregisseur Roger Vadim huet d'Catherine Deneuve e Kand, de Schauspiller Christian Vadim (* 18. Juni 1963.

Am Joer 1965 huet si sech mam Fotograf David Baley (* 2. Januar 1938) bestuet. Am Joer 1972 ass si vum David Bailey gescheet ginn.

D'Schauspillerin Chiara Mastroianni (* 28. Mee 1972) ass hir Duechter, déi si zesumme mam Marcello Mastroianni krut.

[änneren] D'Catherine Deneuve an de Film

Ganz jonk, am Joer 1957 dréint si hiren éischte Film Les Collégiennes vum André Hunnebelle.. Am Joer 1964 huet si hiren éischte groussen Erfolleg mat Les parapluies de Cherbourg vum Jacques Demy.

De Roman Polanski gëtt hir am Film Repulsion d'Roll vun enger jonker, frigider a schizophrener Mäerderin, eng Roll déi just de Géigendeel vun hire Rolle vu virdrun ass, wou si gewéinlech dat schéint a braavt Meedche gespillt huet.

Mat Regisseure wéi Jean-Paul Rappeneau (La vie de Château), Michel Deville (Benjamin), Jacques Demy (Peau d’âne) a François Truffaut (La sirène du Mississippi) entwéckelt si sech no an no zu enger vun deene bekanntesten a beléifste franséische Schauspillerinnen.

Mat hirer Schwëster Françoise Dorléac huet si d'Haaptroll am Museksfilm Les demoiselles de Rochefort vum Jacques Demy iwwerholl, zesumme mam Gene Kelly an George Chakiris.

Zwou ganz verschidde Rolle krut si vum Luis Bunuel an de Filmer Belle de Jour an Tristana.

Fir hir Roll am Film Le dernier métro vum François Truffaut krut si den César 1981 als beschte Schauspillerin.

Duerno koumen nach grouss Rollen mat de Regisseuren André Téchiné (Hôtel des Amériques), Alain Corneau (Le choix des armes), Régis Wargnier (Indochine) a Lars von Trier (Dancer in the Dark).

[änneren] Gielercher

[änneren] Filmer (Auswiel)

D'Deneuve an hirem Jonktem

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools