Tony Scott
Den Tony Scott, gebuer den 21. Juli 1944 zu North Shields, Tynemouth, Northumberland, England a gestuerwen den 19. August 2012 zu San Pedro, Los Angeles, Kalifornien, USA) war e britesche Filmregisseur, deen haaptsächlech Actionfilmer gedréint huet.
Hie war de klenge Brudder vum Ridley Scott.
No de Kuerzfilmer One Of The Missing a Loving Memory, engem Teleefilm an e sëlleche Reklamms-Spotten huet den Tony Scott 1983 mat The Hunger säin éischte Kinofilm realiséiert. Säin zweete Film, Top Gun mam Tom Cruise, war säi gréisste Succès an ee vun den erfollegräichste Filmer vun den 1980er Joren.
Weider Filmer bei deenen e Regie gefouert huet, waren ë. a. Revenge, Days of Thunder, Last Boy Scout, True Romance, Crimson Tide, Enemy of the State, The Taking of Pelham 123 an Unstoppable.
Hien huet mat sengem Brudder Ridley eng Produktiounsfirma, Ridley Scott Associates (RSA) gegrënnt, déi zwéin hunn 1995 och d'Shepperton Studios kaf, déi deemools a schlechten Dicher stouchen, an eng weider Produktionsfirma, Scott Free Productions op d'Bee gesat.
Filmographie [änneren]
Als Regisseur [änneren]
- 1969: Loving Memory (Kuerzfilm)
- 1971: One of the Missing (Kuerzfilm)
- 1974: Nouvelles de Henry James: L’auteur de Beltraffio (Teleefilm)
- 1983: The Hunger
- 1986: Top Gun
- 1987: Beverly Hills Cop II]]
- 1990: Revenge
- 1990: Days of Thunder
- 1991: Last Boy Scout
- 1993: True Romance
- 1995. Crimson Tide
- 1996: The Fan
- 1998: Enemy of the State
- 2001: Spy Game
- 2002: Beat the Devil (Kuerzfilm)
- 2004: Man on Fire
- 2004: Agent Orange (Kuerzfilm)
- 2005: Domino
- 2006: Déjà Vu
- 2009: The Taking of Pelham 123
- 2010: Unstoppable