Reggae

Vu Wikipedia
De Bob Marley gëllt als ee vun de bekanntse Vertrieder vum Reggae

Reggae ass e Museksgenre, deen an de spéiden 1960er Joren op Jamaika entstanen ass. E charakteriséiert sech ënner anerem duerch säi 4/4-Takt, seng Offbeat-Rhythmussen a seng gesellschaftskritesch Texter. De Reggae hat eng signifikant Wierkung op d'global Musekszeen a Kultur.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuerzele vum Reggae ginn op verschidde jamaikanesch Museksstiler zréckgeféiert, wéi zum Beispill Ska a Rocksteady. Am urspréngleche Reggae fënnt een och Elementer aus dem US-amerikanesche Rhythm & Blues an traditionelle karibesche Calypso a Mento. En huet sech als eegestännege Museksgenre an de spéiden 1960er Joren entwéckelt, mat Schlësselfigure wéi dem Bob Marley, dem Peter Tosh an dem Bunny Wailer, déi seng Entwécklung virugedriwwen hunn. Zesumme mat hirer Band The Wailers hu si eng entscheedend Roll an der weltwäiter Populariséierung vun der Reggaemusek gespillt.

D'Single Do the Reggay vun Toots and the Maytals am Joer 1968 war dat éischt bekannt Lidd, dat de Begrëff "Reggae" gebraucht huet an nodeem de Genre benannt ass.

Musikalesch Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

En typesche "One-Drop"-Rhythmus

D'Häerzstéck vum Reggae ass säi charakteristesche Rhythmus, de sougenannte "One Drop".[1] Dee Rhythmus betount den zweeten an de véierte Schlag vun all Takt. D'Texter dréine sech dacks ëm Theeme wéi Léift, Eenheet, sozial Gerechtegkeet a Widderstand. Vill Reggaelidder enthale Botschafte vun Hoffnung an Ermächtegung a schwätzen Theme wéi Aarmut, Ongläichheet an Diskriminéierung un. Dee sozial bewossten Aspekt huet d'Reggaemusek zu engem Medium fir Aktivismus a Protest gemaach.

Ënner anerem den Jimmy Cliff huet de Pop-Reggae engem breede Publikum bekannt gemaach.

Reggae gëtt generell mat enger Kombinatioun vun Instrumenter gespillt, dorënner d'elektrescher Gittar, d'Bassgittar, d'Batterie an de Keyboard. Donieft ginn traditionell karibesch Instrumenter wéi d'Steeldrum an d'Bongotrommel der Reggaemusek en authentesche karibesche Flair.

An de Laf vun de Joren huet sech de Reggae an Ënnergenre weiderentwéckelt: de Roots Reggae ass bekannt fir seng spirituell a sozial bewosst Theemen a gëtt dacks mam Rastafarianismus verbonnen. Den Dancehall ass eng méi peppesch an energesch Form vum Reggae an zeechent sech duerch e séieren Tempo an dacks explizitt Texter aus. An der Dubmusek hu Sänger wéi den Augustus Pablo Reggaetitele nei opgemëscht a manipuléiert, fir Instrumentalversiounen z'erstellen, bei deenen Echo- an Haleffekter eng grouss Roll spillen. An den 1970er an 1980er hate Kënschtler wéi den Jimmy Cliff a UB40 Succès mat enger méi liichter a kommerzieller Form vun der Musek, dem Pop-Reggae.

Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Den Afloss vum Reggae geet iwwer dee vun der Musek eraus an huet sech op verschidden Aspekter vun der globaler Kultur ausgewierkt. En huet eng wichteg Roll bei der Populariséierung vum Rastafarianismus gespillt, enger spiritueller a kultureller afrozentristescher Beweegung a Relioun mat Wuerzelen op Jamaika.

D'Botschaft vum Reggae fir Fridden an Eenhet huet en och zu enger Hymn fir sozial a politesch Beweegunge weltwäit gemaach. D'Moud, déi mam Reggae associéiert gëtt, ass en ikoneschen Deel vu senger Kultur ginn. Dozou gehéieren d'Dreadlocks a faarweg Kleeder. Och d'Associatioun vum Genre mat dem Konsum vu Cannabis huet zu senger kultureller Identitéit bäigedroen.

Déi jamaikanesch Reggaemusek steet zënter 2018 op der Representativer Lëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet vun der UNESCO.[2]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. musicradar.com: How to program a typical one drop reggae beat and add fills (10. November 2017)
  2. unesco.org: Reggae music of Jamaica