Eurovision Song Contest 1965
| 10. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 20. Mäerz 1965 |
| Stad | Neapel (Italien) |
| Gebai | Sala di Concerto della RAI |
| Gewënner | France Gall (Lëtzebuerg) |
| Zuel vu Länner | 18 |
| Nei Participatiounen | Irland |
| Moderatioun | Renata Mauro |
| Interval Act | Mario del Monaco |
| Ofstëmmungsreegelung | A jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkten sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. |
Den 10. Eurovision Song Contest (offiziell d' Gran Premio Eurovisione della Canzone), war den 20. Mäerz 1965 an Italien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Sala di Concerto della RAI zu Neapel. Presantatrice war d'Renata Mauro.
Irland huet fir di éischte Kéier matgemaach. Well awer Schweden dëst Joer och nees dobäi war, ass d'Zuel vun de Länner op 18 erop gaang.
D'Ofstëmmung ass d'selwecht gelaaf wéi 1964: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkten sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, kruten se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Neapel iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'France Gall mat 6 Punkte Virsprong virum Kathy Kirby (Groussbritannien). Di drëtt Plaz krut de Guy Mardel, dee fir Frankräich ugetruede war.
Lëtzebuerg hat domat fir d'zweete Kéier gewonn. D'Gewënnerlidd, vum Serge Gainsbourg komponéiert, ass e groussen Erfolleg ginn, war awer zimlech ëmstridden duerch säin zweedäitegen Text an d'France Gall wollt spéider näischt méi dovu wëssen.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Lëtzebuerg | France Gall | Poupée de cire, poupée de son | 32 |
| 2. | Groussbritannien | Kathy Kirby | I Belong | 26 |
| 3. | Frankräich | Guy Mardel | N’avoue jamais | 22 |
| 4. | Éisträich | Udo Jürgens | Sag ihr, ich laß sie grüßen | 16 |
| 5. | Italien | Bobby Solo | Se piangi se ridi | 15 |
| 6. | Irland | Butch Moore | I’m Walking the Streets in the Rain | 11 |
| 7. | Dänemark | Birgit Brüel | For din skyld | 10 |
| 8. | Schwäiz | Yovanna | Non – à jamais sans toi | 8 |
| 9. | Monaco | Marjorie Noël | Va dire à l’amour | 7 |
| 10. | Schweden | Ingvar Wixell | Absent Friend | 6 |
| 11. | Holland | Conny van den Bos | Het is genoeg | 5 |
| 12. | Jugoslawien | Vice Vukov | Čežnja | 2 |
| 13. | Norwegen | Kirsti Sparboe | Karusell | 1 |
| 13. | Portugal | Simone de Oliveira | Sol de inverno | 1 |
| 15. | Spuenien | Conchita Bautista | Qué bueno, qué bueno! | 0 |
| 15. | Däitschland | Ulla Wiesner | Paradies, wo bist Du? | 0 |
| 15. | Belsch | Lize Marke | Als het weer lente is | 0 |
| 15. | Finnland | Viktor Klimenko | Aurinko laskee länteen | 0 |
Um Spaweck [änneren]
- Den Optrëtt vum France Gall um Eurovision Song Contest 1965
- Eurovision.tv
- Eurovision.de
- diggiloo.net
| Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) | Kopenhagen (Dänemark) | |
|---|---|---|
| ESC 1964 | Eurovision Song Contest | ESC 1966 |