Eurovision Song Contest 1964
| 9. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 21. Mäerz 1964 |
| Stad | Kopenhagen (Dänemark) |
| Gebai | Tivolis Koncertsal |
| Gewënner | Gigliola Cinquetti (Italien) |
| Zuel vu Länner | 16 |
| Nei Partizipatiounen | Portugal |
| Moderatioun | Lotta Wæver |
| Interval Act | Ballet-Harlequinade |
| Ofstëmmungsreegelung | A jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkten sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. |
Den 9. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision ), war den 21. Mäerz 1964 an Dänemark. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Tivolis Koncertsal zu Kopenhagen. Presantatrice war d'Lotte Wæver.
Portugal huet fir di éischte Kéier matgemaach. Well awer Schweden dëst Joer net dobäi war, ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.
D'Vertriederin vun der Schwäiz, d'Anita Traversi, war och scho beim Grand Prix 1960 dobäi.
Virum Optrëtt vum belsche Sänger wollt e Mann mat engem Schëld "Boycott Franco & Salazar" op d'Bühn lafen, fir géint d'Militärregimer a Spuenien an a Portugal ze demonstréieren. Et gouf och scho virum Grand Prix Debatten driwwer, dat déi rietsgeriichten Diktaturen Spuenien a Portugal sollten ausgeschloss ginn vum Grand Prix.
Et sinn nees Ännerunge ginn bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkten sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, kruten se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Kopenhagen iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Italien, d'Gigliola Cinquetti mat 32 Punkte Virsprong virum Matt Monro (Groussbritannien). Di drëtt Plaz krut de Romuald, dee fir Monaco ugetruede war.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Italien | Gigliola Cinquetti | Non ho l’età (per amarti) | 49 |
| 2. | Groussbritannien | Matt Monro | I Love the Little Things | 17 |
| 3. | Monaco | Romuald | Où sont elles-passées? | 15 |
| 4. | Lëtzebuerg | Hugues Aufray | Dès que le printemps revient | 14 |
| 4. | Frankräich | Rachel | Le chant de Mallory | 14 |
| 6. | Éisträich | Udo Jürgens | Warum nur, warum? | 11 |
| 7. | Finnland | Lasse Mårtenson | Laiskotellen | 9 |
| 8. | Norwegen | Arne Bendiksen | Spiral | 6 |
| 9. | Dänemark | Bjørn Tidmand | Sangen om dig | 4 |
| 10. | Holland | Anneke Grönloh | Jij bent mijn leven | 2 |
| 10. | Belsch | Robert Cogoi | Près de ma rivière | 2 |
| 12. | Spuenien | Nelly, Tim & Tony | Caracola | 1 |
| 13. | Däitschland | Nora Nova | Man gewöhnt sich so schnell an das Schöne | 0 |
| 13. | Portugal | António Calvário | Oração | 0 |
| 13. | Jugoslawien | Sabahudin Kurt | Život je sklopio krug | 0 |
| 13. | Schwäiz | Anita Traversi | I miei pensieri | 0 |
Um Spaweck [änneren]
| Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) | Kopenhagen (Dänemark) | |
|---|---|---|
| ESC 1963 | Eurovision Song Contest | ESC 1965 |