Francisco Franco

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Francisco Franco Bahamonde gebuer de 4. Dezember 1892 zu Ferrol a Galicien, a gestuerwen den 20. November 1975 zu Madrid war e spuenesche Politiker an Offizéier.

Hie war Staatschef tëscht Abrëll 1939, nom Militärputsch géint déi zweet spuenesch Republik, bis zu sengem Doud am November 1975.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

Gebuer ass de Franco 1892 ënnert dem Numm Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde¨. Hie war de Jong vum Offizéier Nicolás Franco a senger Fra der María del Pilar. 1904 ass hie bei d'Marine fir eng Ausbildung gaangen, gouf awer net op d'Akademie vun der Marine zougelooss. Dofir ass hien an d'Akademie fir d'Infanterie op Toledo gaangen. 1910 hat hie säin Ofschlooss vu senger Militärausbildung a gouf zum Ënnerleutnant vun der Arméi ernannt an zu Ferrol stationnéiert.

1912 gouf hien a Marokko versat an huet do am Kolonialkrich gekämpft. E Joer duerno gouf hien zum Leutnant ernannt, woumatt seng Militärkarrière ugefangen huet.

1922 gouf de Franco Kommandant vun der spuenescher Friemelegioun. Ee Joer méi spéit gouf hie mat der Carmen Polo bestuet.

1928 gouf hie Chef vun der Militärakademie zu Zaragoza.

1935 gouf hien ieweschte Kommandant vun der Arméi.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

Spuenesche Biergerkrich

[änneren] Um Spaweck

Commons: Francisco Franco – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen