Luc Besson

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Luc Besson (2008)

De Luc Besson, gebuer den 18. Mäerz 1959 zu Paräis, ass e franséische Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

Dem Luc seng Eltere waren Dauchmoniteuren am Club Med, a sou huet hie schonn als Jugendleche seng éischt Entwërf vu Le Grand Bleu geschriwwen, a mat 16 Joer vu Le Cinquième ÉLément, déi en allebéid méi spéit mat groussem Succès verfilme sollt.

Aner Filmer, mat deenen e Succès hat si Subway, Nikita, Léon, Jeanne d'Arc, oder d'Serie vum Arthur et le Minimoys. Och eng etlech Reklamms- a Musekclippe vun him hu grouss Bekanntheet kritt.

Zanter der Mëtt vun den 2000er Joren féiert de Besson manner Regie, mä konzentréiert sech op d'Produzéiere vu Filmer (wourënner d'Taxi-Serie, Taken oder Transporter, sou wéi och op aner, sozial engagéiert, Projeten.

Filmographie als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1983: Le dernier combat
  • 1985: Subway
  • 1988: Le Grand Bleu
  • 1990: Nikita
  • 1991: Atlantis
  • 1994: Léon
  • 1997: Le Cinquième Élément
  • 1999: Jeanne d'Arc
  • 2005: Angel-A
  • 2006: Arthur et les Minimoys
  • 2009: Arthur et la Vengeance de Maltazard
  • 2010: Les Aventures extraordinaires d'Adèle Blanc-Sec
  • 2010: Arthur 3 : La Guerre des deux mondes
  • 2011: The Lady
  • 2013: Malavita

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luc Besson – Biller, Videoen oder Audiodateien