Marina Vlady
D'Marina Vlady, gebuer den 10. Mee 1938 zu Clichy als Catherine Marina de Poliakoff-Baïdaroff (Марина Полякова-Байдарова), ass eng franséisch Filmschauspillerin.
Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Marina Vlady hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguerte Schauspillerinne waren: d'Odile Versois, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.
Schonn als Kand ass d'Marina am Ballet vun der Paräisser Oper opgetratt. An den 1950er Jore war si an italieneschen, franséischen an däitsche Filmer als séduisanten Teenager ze gesinn. Mam Film La Sorcière vun 1956 huet si hire groussen Duerchbroch gefeiert. Am Ganzen huet si iwwer siechzeg Filmer gedréint an en etlech Präisser fir hir Film- a Fernseesrolle gewonnen: De Prix Suzanne Bianchetti (1954), d'Meilleure interprétation féminine (Belsch 1960) fir La Princesse de Clèves an de Prix de l'interprétation féminine um Canner Filmfestival (1963) fir Le Lit conjugal. Schliisslech krut si och nach d'Croix d'Officier des Arts et des Lettres.
Si war bestuet mam Schauspiller a Regisseur Robert Hossein vun 1955 bis 1959, mam Geschäftsmann Jean-Claude Brouillet vun 1963 bis 1966, mam populäre sowjetesche Schauspiller a Sänger Wladimir Wyssozki vun 1969 bis zu sengem Doud 1980 a mam Kriibsfuerscher Dr. Léon Schwartzenberg vun 1980 bis zu sengem Doud 2003.
Mam Robert Hossein huet si zwee Kanner (Igor a Pierre) a mam Jean-Claude Brouillet ee Bouf (Vladimir).
Filmographie (Auswiel) [änneren]
- 1955: Sophie et le crime vum Pierre Gaspard-Huit
- 1955: Les salauds vont en enfer vum Robert Hossein mam Henri Vidal
- 1956: Pardonnez nos offenses vum Robert Hossein mam Béatrice Altariba a Giani Esposito
- 1956: La Sorcière vum André Michel
- 1956: Crime et Châtiment vum Georges Lampin
- 1958: Toi, le venin vum Robert Hossein mam Robert Hossein an Odile Versois
- 1959: La nuit des espions vum Robert Hossein mam Robert Hossein a Michel Etcheverry
- 1960: La princesse de Clèves vum Jean Delannoy
- 1963: Le meurtrier vum Claude Autant-Lara
- 1964: Ape regina ( Le lit conjugal) vum Marco Ferreri
- 1966: On a volé la Joconde vum Michel Deville
- 1968: 2 ou 3 choses que je sais d'elle vum Jean-Luc Godard
- 1969: Lika, le grand amour de Tchekhov vum Sergei Jutkewitsch
- 1975: Sept morts sur ordonnance vum Jacques Rouffio
- 1976: Que la fête commence vum Bertrand Tavernier
- 1978: Les deux berges vum Patrick Antoine
- 1982: Fort comme la mort vum Gérard Chouchan
Hir Bicher [änneren]
- Babouchka (mam Hélène Vallier, Odile Versois an Olga Baïdar-Poliakoff), Éditions Fayard, 1979/1996.
- Vladimir ou le vol arrêté, Éditions Fayard, 1987 - autobiographesche Roman.
- Récits pour Militza, Éditions Fayard, 1989.
- Le Collectionneur de Venise, Éditions Fayard, 1990.
- Le Voyage de Sergueï Ivanovitch, Éditions Fayard, 1993.
- Du Coeur au ventre, Éditions Fayard, 1996.
- Ma Cerisaie, Éditions Fayard, 2001.
- 24 images/seconde, Éditions Fayard, 2005 - hir Memoiren.
Spawecklinks [änneren]
- Kuerzbiographie (op Russesch)
- Filmographie op IMDb
- Extrait aus der Vlady hirem Buch Vladimir ou le vol arrêté
- Standbiller aus de Filmer La Sorcière an Дни любви
| Commons: Marina Vlady – Biller, Videoen oder Audiodateien |
