13. Mäerz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 13. Mäerz ass den 72. Dag (73. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Feb – Mäerz – Abr | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1781: De Wilhelm Herschel entdeckt de Planéit Uranus.
- 1826: Den Däitsche Bond iwwerhëlt d'Festung Lëtzebuerg.
- 1938: Den Adolf Hitler verkënnegt den Anschluss vun Éisträich un d'Däitscht Räich.
- 1938: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar an de Gusty Kemp geschoss.[1]
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 0:6 géint Belsch.[2]
- 1962: D'Lëtzebuerger Bauere kréien duerch e neit Gesetz eng obligatoresch Krankekees.
- 1978: Den Aldo Moro gëtt vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert.
- 1979: Den Europäescht Währungssystem (EWS) trëtt a Kraaft.
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dresch geschoss.[3]
- 1996: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[4]
[änneren] Gebuer
- 1696: Richelieu, Maréchal de France an Ambassadeur.
- 1741: Joseph II., réimesch-däitsche Keeser.
- 1781: Joseph Johann von Littrow, éisträicheschen Astronom.
- 1807: Jacques Sturm, lëtzebuergesche Moler.
- 1855: Percival Lowell, US-amerikaneschen Astronom.
- 1913: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 1934: Johny Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1935: René Steichen, lëtzebuergeschen TV-Regisseur, Pionéier vu Videoclippen.
- 1944: Guy Bernardin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1945: Jean Petit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1946: Jean-Jacques Schartz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1946: Chris Roberts, däitsche Sänger.
- 1953: François Valentiny, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1959: Luc Ewen, lëtzebuergesche Fotograf.
- 1971: Georges Urwald, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 1991: Luan Santana, brasilianesche Komponist a Sänger.
[änneren] Gestuerwen
- 1847: Dominique Stoffel, lëtzeburgesche Politiker.
- 1851: Karl Lachmann, däitsche Philolog.
- 1856: Jean-François Gangler, lëtzebuergesche Sprooch-Pionnéier.
- 1888: Jean Engling, lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.
- 1900: Catherine Wolfe Bruce, US-amerikanesch Ënnerstëtzerin vun der Astronomie.
- 1930: Léon Metzler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1949: Auguste Liesch, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1956: Albert Simon, lëtzebuergesche Cartoonist a Karikaturist.
- 1987: Bernhard Grzimek, däitschen Déierespezialist.
- 1996: Krzysztof Kieslowski, polnesche Filmregisseur.
- 1997: Fred Zinnemann, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2005: Jason Evers, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 2010: Jean Ferrat, franséische Sänger a Museker.
- 2011: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.
- 2012: Michel Duchaussoy, franséische Schauspiller.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 13. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 13. Mäerz 1938 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 13. Mäerz 1949 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei den 13. Mäerz 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 13. Mäerz 1996 um Site European Football.info]