Aldo Moro

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Aldo Moro a Gefaangeschaft

Den Aldo Moro, gebuer den 23. September 1916 zu Maglie (Lecce) a gestuerwen den 9. Mee 1978 zu Roum, war en italienesche Politiker.

De Jurist Aldo Moro war als Deputéierte vun der Democrazia Cristiana vun 1948 un am italienische Parlament. Hie war Justizminister (1955-1957) an Unterrechtsminister (1957-1959), duerno Generalsekretär vu senger Partei (1959-1964) an Ausseminister (1969-1972 an 1973-1974). Ministerpresident vun Italien war hie vun 1963-1968 an vun 1974-1976.

Den Aldo Moro, deen dem lénkse Flillek vu senger Partei zougerechent gouf, gouf den 13. Mäerz 1978 vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert an ass no 8 Wochen erschoss opfonnt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aldo Moro – Biller, Videoen oder Audiodateien