9. Mee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 9. Mee ass den 129. Dag vum Joer (130. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Abr – Mee – Jun | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1949: De Rainier III. gëtt Staatschef vu Monaco.
- 1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en dozou oprifft, datt déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir esou zoukënfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domatter hat hien de Grondsteen vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
- 1980: De Konstantinos Karamanlis gëtt Staatspresident, de Giorgios Rallis Regierungschef vu Griicheland.
- 1989: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
Amerika [änneren]
Afrika [änneren]
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt no den éischten demokratesche Walen, bei deenen all Bierger hunn däerfe matmaachen, mat 75 Joer zum President vu Südafrika gewielt.
Sport [änneren]
- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:5 géint Irland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[1]
- 1954: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 0:8 géint Belsch.[2]
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Tschechoslowakei.[3]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.[4]
Gebuer [änneren]
- 1883: José Ortega y Gasset, spuenesche Philosoph, Soziolog an Essayist.
- 1890: Jean-Pierre Frantzen, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1914: Carlo Maria Giulini, italieneschen Dirigent.
- 1921: Sophie Scholl, däitsch Resistenzlerin.
- 1923: Claude Piéplu, franséische Schauspiller.
- 1924: Jean Girault, franséische Filmregisseur.
- 1928: Barbara Ann Scott, kanadesch Äiskonschtleeferin.
- 1929: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1933: François Schlechter, lëtzebuergesche Ringer.
- 1936: Albert Finney, britesche Schauspiller.
- 1946: Candice Bergen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1946: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Musekproduzent.
- 1948: Hans Georg Bock, däitsche Mathematiker.
- 1950: Fernand Fehlen, lëtzebuergesche Soziolog.
- 1950: Frank Feitler, lëtzebuergeschen Theater- a Filmregisseur, Dramaturg an Dréibuchauteur.
- 1983: Gilles Muller, lëtzebuergeschen Tennissportler.
- 1992: Tom Laterza, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1707: Dieterich Buxtehude, dänesch-däitschen organist a Komponist.
- 1805: Friedrich Schiller, däitsche Schrëftsteller an Historiker.
- 1850: Joseph Louis Gay-Lussac, franséische Physiker a Chemiker.
- 1893: Edward Alfred Cowper, briteschen Erfinder.
- 1915: François Faber, lëtzebuergesche Cyclist.
- 1922: Rodolphe Brimmeyr, lëtzebuergeschen Apdikter, Politiker an Auteur.
- 1935: Jean-Pierre Flohr, lëtzebuergeschen Auteur an Haffkommissar.
- 1957: Ezio Pinza, italienesche Basssänger.
- 1970: Franz Etzel, däitsche Politiker.
- 1978: Aldo Moro, italienesche Politiker.
- 1986: Tenzing Norgay, nepaleseschen Alpinist.
- 2011: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.
- 2013: Alfredo Landa, spuenesche Schauspiller.
Fester a Feierdeeg [änneren]
- Europa-Dag fir d'Schuman-Deklaratioun ze commémoréieren.
- Hellege Christophorus an der Orthodoxer Kierch.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 9 May – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Irland den 9. Mee 1936 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 9. Mee 1954 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslsowakei den 9. Mee 1970 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg den 9. Mee 1980 um Site European Football