11. Mee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 11. Mee ass den 131. Dag vum Joer (132. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Abr – Mee – Jun | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 330: Dat nom réimesche Keeser Konstantin I. benannte Konstantinopel gëtt ageweit.
- 1573: Den Henri vu Valois gëtt Kinnek vu Polen.
- 1745: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Schluecht vu Fontenoy.
- 1867: Lëtzebuerg gëtt, fir e franséisch-däitsche Krich ze verhënneren, um Londoner Kongress fir op éiweg neutral an onofhängeg declaréiert.
- 1924: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt um Terrain vun der Spora 2:1 géint d'Belsch. D'Goler fir Lëtzebuerg huet de François Langers geschoss.[1]
- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lonkech 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul May geschoss.[2]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.[3]
- 1994: De Silvio Berlusconi gëtt neie Regierungschef an Italien.
[änneren] Gebuer
- 1824: Jean Pierre Foehr, lëtzebuergesche Jurist, Deputéierten an Diplomat.
- 1890: Helge Løvland, norwegesche Liichtathlet.
- 1892: Margaret Rutherford, britesch Schauspillerin.
- 1904: Salvador Dalí, spuenesche Moler (Surrealismus).
- 1911: Hans Wolter, däitsche Physiker an Erfinder.
- 1916: Camillo José Cela, spuenesche Schrëftsteller.
- 1930: Edsger W. Dijkstra, hollänneschen Informatiker.
- 1946: José Samyn, franséische Vëlossportler.
- 1948: Jeannot Moes, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 1952: Renaud, franséische Museker.
- 1972: Joëlle Diderich, lëtzebuergesch Journalistin a Fotografin.
[änneren] Gestuerwen
- 1871: John Herschel, briteschen Astronom a Pionnéier vun der Fotografie.
- 1892: Pius Bonifatius Gams, däitschen Theolog.
- 1916: Max Reger, däitsche Komponist, Pianist, Organist an Dirigent.
- 1916: Karl Schwarzschild, däitschen Astronom a Physiker.
- 1934: Lazare Sainéan, rumänesche Romanist.
- 1944: Michel Hack, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 1956: Walter Sydney Adams, US-amerikaneschen Astronom.
- 1973: Lex Barker, US-amerikanische Schauspiller.
- 1981: Bob Marley, jamaikanesche Reggae-Museker.
- 2007: Tanumafili II., Staatschef vu Samoa.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 11 May – Biller, Videoen oder Audiodateien |