Lou Linster

Vu Wikipedia
Lou Linster
Gebuer 11. Mee 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Technesch Universitéit München,
Universitéit vu Sussex
Aktivitéit Politiker, Buergermeeschter, Ingenieur
Partei Demokratesch Partei

De Lou Linster, gebuer den 11. Mee 1992[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

Hien ass zanter 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première 2011 am Stater Kolléisch, huet hien op der technescher Universitéit München 2015 e Bachelor of Science (B.Sc.) an der Fahrzeug- und Motorentechnik gemaach an 2017 e Master of Science (M.Sc.) am Maschinnebau a Management. 2018 huet hien op der University of Sussex zu Brighton e M.Sc. a Management and Finance gemaach. Zanter 2018 schafft hien an engem Ingenieursbüro.[2]

2017 gouf hien eng éischt Kéier an de Leidelenger Gemengerot gewielt. Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 krut hien, un der Spëtzt vun der Beweegung Zesumme fir Leideleng, déi meescht Stëmmen.[3] Hie gouf den 3. Juli 2023 als neie Buergermeeschter vun der Gemeng vereedegt.[4]

Vun 2020 bis 2024 war hie Vizepresident vun de Jonken Demokraten (JDL)[5]. Am Januar 2024 gouf hien zum President vun der JDL gewielt[6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. F11298 – Jeunesse Démocrate et Libérale du Luxembourg, op lbr.lu
  2. De Profil vum Lou Linster op Linkedin. Gekuckt de(n) 4.4.2024.
  3. "Leideleng: Lou Linster mat 764 Stëmmen de klore Walgewënner." rtl.lu, 11.06.2023.
  4. "Éischt Buergermeeschteren a Schäffe vun der Ministesch vereedegt." rtl.lu, 05.07.2023.
  5. JDL: Lou Linster bleibt Vizepräsident. wort.lu (21.09.2020). Gekuckt de(n) 4,4,2024.
  6. "JDL : Lou Linster prend la présidence." lequotidien.lu, 15.01.2024.