Gemeng Leideleng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Leideleng
Detailer
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Diane Bisenius-Feipel (DP)
Awunner Gemeng: 2.273 mat 55 Nationalitéiten
(Abrëll 2012)
Fläch Gemeng: 1.352,99 ha
Koordinaten: 49° 33' 59" N
6° 3' 53" O
D'Gemeng Leideleng (orange)  am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Leideleng (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Leideleng ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Uertschaft Leideleng benannt.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [änneren]

D'Gemeng Leideleng ass opgedeelt an:

Den Numm [änneren]

Leideleng gëtt vun den Awunner op Lëtzebuergesch "Lëdeleng" genannt.

Geographie [änneren]

D'Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts Kapell
D'Gemengenhaus vu Leideleng

Geschicht [änneren]

Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufen.

Leideleng huet de 25. November 2006 seng 150 Joer gefeiert.

De Wopen [änneren]

De Wope vun der Leidelenger Gemeng weist ënnen e schwaarze Bier op gëllenem Fong an driwwer dräi sëlwer Merletten op roudem Fong [1].
De Bier huet seng Originnen am Wope vun der Benediktinerabtei Sankt Maximäin vun Tréier.[2]

Leidelenger Flouernimm [änneren]

  • op der aler Strooss
  • Akerheck
  • Atzebierg
  • Bakless Weieren
  • am Bann
  • Bannatsch
  • a Baerend
  • Banndriisch
  • Bernasswues
  • Berken
  • Blimmesweyer
  • Bommert
  • Boudel
  • Brichelechelchen
  • Brichen
  • Brill
  • Brommeschheck
  • vor Buchholz oder in Bruchholz
  • um Deich
  • Dompen
  • Eelchen
  • Eelchesgewan
  • am Ees
  • Géierbierg
  • Huuscht
  • Ketzlach
  • Laach
  • Neiwisen
  • Nuechtweed
  • Pessendall
  • Schéifert
  • Schireslach
  • Sporkels
  • Stengert
  • Tommelbierg
  • Uecht
  • Weierwiss
  • Witbësch
  • Zapesheck

Interkommunal Syndikater [änneren]

D'Gemeng Leideleng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Veräiner [änneren]

  • 1927 gouf zu Leideleng de Gaardebauveräin Amis de la Fleur gegrënnt.

Den neie Waassertuerm [änneren]

Den neie Leidelenger Waassertuerm
Den ale Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, ee vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dëse neie Waassertuerm versuergt zesummen mat dem ale Waassertuerm, deen op derselwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volumen vu 500 Kubikmeter. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt duerch den ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser versuergt.

De Projet gouf matfinanzéiert vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER".

Ugefaang mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[3]

Reliéises [änneren]

D'Par Leideleng gehéiert zum Parverband Gaasperech-Hollerech-Leideleng.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Leudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. „D’Or à l’ours de sable au chef de gueules chargé de trois merlettes d’argent.“ Lokalhistoresch Ausso vum Leidelenger Wopen
  2. Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 2009. Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 101f. [1]
  3. Brochure vum neie Waasertuern