Gemeng Beetebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Beetebuerg
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Bettembourg
de: Bettemburg
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Laurent Zeimet (CSV)
Awunner Gemeng: 9.882
(2011)
Fläch Gemeng: 2.145 ha
Koordinaten: 49° 31' 39" N
06° 05' 80" O
D'Gemeng Beetebuerg (orange)  am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Beetebuerg (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

Beetebuerg ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Mat Aussnahm vun Obeler läit déi ganz Gemeng Beetebuerg am Uelzechtdall.

Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]

Nopeschgemengen [änneren]

Geschicht [änneren]

Beetebuerg gehéiert zu de Gemengen déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen.

Politik [änneren]

De Gemengerot vu Beetebuerg gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 4 2 0 7
2005 3 1 1 8
2011 4 1 2 6

Quell: Inneministère / RTL.lu

Buergermeeschteren [änneren]

Wopen [änneren]

De Wope vun der Gemeng gouf vum Beetebuerger Gemengerot an der Sëtzung vum 11. Juli 1981 ugeholl, an duerch en arrêté ministériel vum 3. August 1981 agreéiert. D'Publikatioun am Memorial B ass op der Säit 1032 vun deem Joer ze fannen. Déi éischt Iddi fir de Wopen an där Form ze maachen, koum vum Joseph Flies, a gouf vun der Commission héraldique 1981 modifizéiert.

Beschreiwung am Originaltext:

Parti au I d'argent au lion de sable, lampassé et armé de gueules, au II de gueules au château à deux tours d'or.

De Wope baséiert op deem vun den Häre vun Zolwer (d'argent au lion de sable armé et lampassé de gueules), deenen eng Partie vum aktuellen Territoire vun der Gemeng soll gehéiert hunn. D'Schlass mat den zwéin Tierm erënnert un déi zwee al Schlässer déi et fréier zu Beetebuerg gouf.[2]

Beetebuerg vum Äppelbierg aus gesinn (2008)

Verkéier [änneren]

Eisebunn [änneren]

D'Gare vu Beetebuerg gehéiert zur CFL-Linn 60 a läit op der internationaler Streck Lëtzebuerg-Dijon.

D'Rangéiergare mat 28 Sënnergleiser gouf an den 1980er Jore gebaut a krut ee Container-Terminal derbäi. Doduerch ass Beetebuerg zu engem wichtege Glidd am internationale Wuerentransport op der Nord-Süd-Achs ginn.

Stroossen an Autobunnen [änneren]

Beetebuerg hänkt um Stroossennetz iwwer d'Dräikantonstrooss an d'N31 an och iwwer den CR132 an den CR163.

Laanscht Beetebuerg mat dräi Uschlëss ginn d'Autobunn A13, an d'Autobunn A3.

Kuckeswäertes an der Gemeng [änneren]

Natur an Ëmwelt [änneren]

Jumelagen [änneren]

Interkommunal Syndikater [änneren]

SIGI - SICEC - SIDOR - SYVICOL - STEP - SICONA-Ouest - TICE

Industriezonen [änneren]

  • Industriezon Beetebuerg-Diddeleng (Wolser)
  • Industriezon Schéleck 1
  • Industriezon Schéleck 2
  • Industriezon Krakelshaff

Radio zu Beetebuerg [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Armorial communal du grand-duché de Luxembourg 1989. ISBN2-87969-000-05