Eugène Berger
Den Eugène Berger, gebuer de 4. Dezember 1960 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) an Alpinist.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie[änneren]
Den Eugène Berger ass um Houwald an d'Primärschoul gaangen an huet seng Première am Lycée de garçons zu Lëtzebuerg gemaach.
1980 huet hie seng professionell Carrière als Chargé de cours am Enseignement primaire ugefaangen. Zweschënt 1983 an 1985 war hie Fonctionnaire-stagiaire um Enregistrement. 1985 huet hien erëm seng Studien um ISERP opgeholl a gouf 3 Joer méi spéit Schoulmeeschter. Hien huet zwëschent 1988 an 1994 an der Primärschoul zu Bierchem geschafft. Vun 1991 bis 1994 war hie Member am Conseil supérieur de l'éducation nationale.
Sportlech Carrière[änneren]
Den Eugène Berger ass seit sengem 12. Liewensjoer en aktiven Alpinist.
Den 1. Oktober 1992 ass hien als éischte Lëtzebuerger op d'Spëtzt vum Mount Everest geklommen, wourops hin hien datselwecht Joer zum "Lëtzebuergesch Sportler vum Joer" gewielt gouf. Hien huet iwwert dës Aventure d'Buch Ganz oben geschriwwen. Hie war eng Zäit laang den eenzege Lëtzebuerger dee bis op dëse Bierg geklommen ass, bis de Philippe Perlia (1955 - 2001) dat Zil am Mee 2001 och erreecht huet.
Hien ass President vun der Fédération luxembourgeoise d'escalade et d'alpinisme (FLERA).
Politesch Carrière[änneren]
Dem Eugène Berger seng Popularitéit duerch den Exploit um Mount Everest huet derzou bäigedroen, datt en 1994 op der Lëscht vun der DP, an d'Chamber gewielt gouf. Dat nämmlecht Joer gouf hie Member vum Direktiounscomité vun der DP.
1999 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt an de 7. August zum Staatssekretär fir Ëmwelt an der Regierung Juncker-Polfer ernannt (bis Juli 2004).
No de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet hie misse säi Mandat opginn, mä den 20. Dezember 2007 gouf hien nees Deputéierten an der Chamber, wou en um Henri Grethen seng Plaz 'nogeréckelt' ass.
Hie gouf bei de Walen 2009 erëmgewielt.
Privatliewen[änneren]
Den Eugène Berger ass bestuedt a Papp vun engem Jong an engem Meedchen. Hie wunnt zu Peppeng.
Gielercher[änneren]
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2000)[1]
Kuckt och[änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
| Virdrun | Duerno | |
| Marc Girardelli | 1992 | Marc Girardelli |