Gemeng Monnerech
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Esch-Uelzecht | ||||||
| Buergermeeschter: | Dan Kersch | ||||||
| Awunner Gemeng: | 6.286 [1] (01.01.2012) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2.140 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 32' 00" N 5° 5' 10" O |
||||||
|
D'Gemeng Monnerech (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Monnerech ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Haaptuertschaft Monnerech benannt.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Gemeng Monnerech läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëschent ca. 275 an 340 m iwwer NN.
Nopeschgemenge si Reckeng op der Mess a Leideleng am Norden, Beetebuerg am Osten, Schëffleng an Esch-Uelzecht am Süden a Suessem am Westen.
Duerch d'Gemeng lafen d'Baache Mierbech, Bréckenderbaach, Kiemelbaach, Kazebaach, d'Mess an och d'Uelzecht op engem kuerze Stéck.
Uertschaften an der Gemeng [2] [änneren]
Häff a Lieu-diten an der Gemeng [änneren]
Verkéiersubannung [änneren]
Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A4 an d'N13, op engem kuerze Stéck och nach d'A13. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 106, 164, 169 an 172 duerch d'Gemeng.
Aktivitéitszonen [änneren]
D'Aktivitéitszon ZARE läit laanscht d'A13 zu engem klengen Deel um Gebitt vun der Gemeng Monnerech. Zu Féiz ass zu béid Säite vum CR164 eng grouss Geschäfts- an Aktivitéitszon.
Geschicht [änneren]
D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op d'Uertschaften aus der Gemeng Monnerech. Dës Dierfer bloufen duerch den Akerbau gekennzeechent. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng regelrecht Bevëlkerungsexplosioun.
Entwécklung vun der Awunnerzuel an der Gemeng Monnerech: [änneren]
Politik [änneren]
De Gemengerot vu Monnerech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | ADR | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 1 | 4 | 3 | 1 | 4 |
| 2005 | 1 | 4 | 2 | 1 | 5 |
| 2011 | 0 | 3 | 2 | 1 | 7 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Monnerech ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes [änneren]
- Zu Monnerech um CR106 ass déi eenzeg Karting-Pist am Land
- Den Trainingszentrum vun der FLF läit och um CR106 niewent der Kartingpist
Literatur [änneren]
- Weber, John: La population de Mondercange de 1766 à 1803 - In: 100 Joer Pompjeën Monnerech : 1901 - 2001. - Monnerich : Sapeurs-pompiers, 2001. - P. 128-141, tabl.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Monnerech

- Uergel Kierch Monnerech
- Kierch Monnerech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Monnerech
- Syvicol
- Offiziell Säit vun de Pompjeeë vu Monnerech
- Monnerecher Schoulen
Referenzen [änneren]
- ↑ Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem