Gemeng Diddeleng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Diddeleng
Detailer
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Alex Bodry (LSAP)
Awunner Gemeng: 19.614
(31.12.2012)
Fläch Gemeng: 2.138 ha
Koordinaten: 49° 28' 56" N
06° 05' 04" O
D'Gemeng Diddeleng (orange)  am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Diddeleng (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

Diddeleng ass eng vun den 106 Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg. Dofir krut d'Stad nach den Numm Forge du Sud.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz Nuvola apps xmag.png

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Rand vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden a Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.

Topographesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Reschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.

Eng besser bekannt héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m iwwer NN huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTLs-Sender steet, deen e bei kloerem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng

A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Diddelenger Gemeng

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel "Stad". Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Bireng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.

D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrun enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.

Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Optrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, well si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabréck gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.

No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk an eng Beschichtungsanlag iwwregbliwwen.

Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderëm kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Giebel, Husky, a Luxguard.

D'Quartieren a Sektioune vun der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Prozenter vun den Nationalitéiten zu Diddeleng [1]

Den 1. Januar 2011 hat Diddeleng 19.072 Awunner, wourënner 7.292 Net-Lëtzebuerger (38,23 %) [2] verdeelt op 98 Nationalitéiten [3]

Entwécklung vun der Awunnerzuel vun 1851 - 2010

Joer Awunner Joer Awunner Joer Awunner Joer Awunner Joer Awunner
1851 1652 1930 14657 1996 16500 2001 17804 2006 18327
1882 1604 1945 12110 1997 16681 2002 17921 2007 18448
1890 5091 1975 14654 1998 16900 2003 17966 2008 18666
1900 8751 1985 13791 1999 17391 2004 18141 2009 18846
1910 10803 1995 16255 2000 17620 2005 18297 2010 19072

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Diddeleng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 17 (1999: 15) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV gréng Lénk LSAP
1999 1 2 1 - 11
2005 0 4 2 - 11
2011 1 3 2 1 10

Quell: Inneministère / RTL.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Gehaansbierg

Bekannt Diddelenger[änneren | Quelltext änneren]

D'Schoul an der Rue Ribbeschpont mat der Turnhal.
Vue iwwer Butschebuerg op den RTL-Antennepotto
RTL-Antennepotto

Partnerschafte mat auslännesche Stied[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Diddeleng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Statec
  2. D'Lëtzebuerger Land, 2. 9. 2011, Nr.35, S.2.
  3. Websäit vun der Gemeng gekuckt den 21.09.2011