Mars Di Bartolomeo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mars Di Bartolomeo, gebuer de 27. Juni 1952 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Ëm 1970 huet hien zu Diddeleng am Comité vun der Jeunesse Socialiste gewierkt. No senger Première am Escher Jongelycée huet de Mars Di Bartolomeo vun 1972 bis 1984 als Journalist am Tageblatt geschafft.

1984 gouf hien, nom Robert Goebbels, dee Minister gi war, Sekretär vun der Chambersfraktioun vun der LSAP. 1987 gouf hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt, an 1989 an d'Chamber. A béide Mandater gouf hien 1994 an 1999, resp. 1993 an 1999, erëmgewielt. Den 1. Januar 1994 gouf de Mars Di Bartolomeo Buergermeeschter vun Diddeleng.

Tëscht 2004 an 2009 war de Mars Di Bartolomeo Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, huet hien dës Portefeuillë bäibehalen.

[änneren] Literatur

  • Haag, Emile: Mars Di Bartolomeo *1952, descendant de l'immigration italienne dans le melting pot luxembourgeois, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 510-517); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen