René Blum

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De René Blum, ufanks der 1930er Joren.

De René Blum, gebuer de 17. Februar 1889 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 25. Dezember 1967 um Briddel, war e lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker (LSAP).

Hie war vun 1926 bis 1933 a vun 1935 bis 1937 President vum Fräidenkerbond.

De René Blum hat säi Cabinet als Affekot an der Stad a gouf 1918 als Vertrieder vun der Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt. Hien ass do als aussergewéinleche Rhetoriker a Schaffert opgefall. En etlech vu sengen deponéierte Gesetzespropositioune ginn nach haut zitéiert:

  • 1924 : éischte Versuch fir d'Verankerung vum Déiereschutz an d'Lëtzebuerger Gesetz. Allerdéngs gouf dat éischt Gesetz iwwer den Déiereschutz eréischt am Februar 1965 gestëmmt
  • 1926 : d'Propositioun iwwer d'Acquisitioun an de Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit, déi am Gesetz vum 23. Abrëll 1934 hiren Nidderschlag fonnt huet.

Den 8. Abrëll 1937 huet hie seng Mandater als Deputéierten an als President vun der Aarbechterpartei opginn, well grouss Deeler aus senger Partei sech net der Liga fir d'Verdeedegung vun der Demokratie ugeschloss hunn an dogéint ware fir mat de Kommunisten zesummenzeschaffen. Hie war dunn ee vun den aktivste Leaderen am Referendum géint Maulkuerfgesetz.

No der Nidderlag vun der Regierung beim Referendum an no der Demissioun vum Premierminister Joseph Bech gouf d'Regierung ëmgebilt, an de René Blum gouf Minister fir Justiz, ëffentlech Aarbechten a Verkéier.
A senger Zäit als Justizminister ass hien opgefall duerch säi verständnesvollt zoudeele vun Areespermise fir Naziflüchtlingen aus Däitschland. De 6. Abrëll 1940 huet hien als Minister demissionéiert a goung no der Okkupatioun vu Lëtzebuerg fir d'éischt a Frankräich an duerno an England an den Exil.

Nom Krich gouf hien éischte Lëtzebuerger Ambassadeur an der deemoleger UdSSR. Do huet hie sech voll engagéiert fir déi Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert aus der russescher Gefaangeschaft op Lëtzebuerg ze rapatriéieren.

No senger Zäit als Ambassadeur huet hien ëmmer nees versicht, déi duerch de Kale Krich bedingt äiseg Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an der UdSSR ze verbesseren. Hie war Éierepresident vun der Association Luxembourg - URSS.

Seng Carrière[änneren | Quelltext änneren]

  • 1918-1937: Deputéierten an der Chamber
  • 1925-1926: President vun der Chamber
  • 1937-1940: Minister fir Justiz, ëffentlech Aarbechten a Verkéier an der Regierung Dupong-Krier
  • 1944-1955: Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar - Mars Di Bartolomeo
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]