Antoine Wehenkel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Antoine Wehenkel

Den Antoine Wehenkel, gebuer den 10. Februar 1907 an der Stad Lëtzebuerg, do gestuerwen de 27. Februar 1992, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Kolléisch huet den Antoine Wehenkel 1930 zu Paräis op der Ecole centrale des arts et manufacture en Ingenieurs-Titel kritt an duerno op der Sorbonne Physik a Mathematik studéiert. No engem Stage op der Arbed an e puer Joer als Enseignant an der Escher Beruffsschoul ass e bei d'Lëtzebuerger Eisebunn schaffe gaangen, wou e säi Beruffsliewe laang sollt bleiwen.

Hie war Member vun der ASSOSS an huet sech 1937 an der Campagne géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz engagéiert. Als bekannten Antifaschist gouf hien den 11. Mee 1940, gläich nom Afall vun den däitschen Truppen, verhaft an e Mount an de Prisong gespaart. Duerno gouf hien op eng ënnergeuerdent Plaz an der Reichsbahn versat bis en 1943 entlooss gouf.

Nom Krich gouf den Antoine Wehenkel Generalsekretär vun der Verwaltung bei der CFL, an 1962 Direkter vun der CFL. Wéi hien 1964 Minister gouf ass e vun där Funktioun zréckgetrueden.

Hien ass 1945 der Lëtzebuerger Aarbechterpartei bäigetratt a gouf 1951 am Zentrum an d'Chamber gewielt. Bis 1974 sollt en all Kéier erëmgewielt ginn. Vun 1951 bis 1964 war en och Gemenge-Conseiller an der Stad Lëtzebuerg.

1964 gouf den Antoine Wehenkel Minister an der Regierung Werner-Cravatte wou en d'Portefeuillë vum Budget, der Wirtschaft an der Energie hat.

1970, no der Ofspléckung vun der SdP, gouf hien, als Nofolger vum dissidenten Henry Cravatte, zum Parteipresident vun der LSAP gewielt an huet dës Charge bis 1974 besat. Hien huet deen neien, méi lénks orientéierte Cours vun der Partei consolidéiert an aktiv op eng zukënfteg Koalitioun mat der liberaler DP higeschafft. No de Chamberwalen 1974 war hien annerhalleft Joer laang Chamberpresident. 1976 huet hie sech aus dem aktive politesche Liewen zréckgezunn.

An de Joren drop huet hie sech virun allem der Restauratioun vu senger Familljeproprietéit Am Dierfgen vouéiert an huet d'Geschicht vun deem Komplex dokumentéiert.

Den Antoine Wehenkel war 15 Joer laang Groussmeeschter vun der Grande Loge de Luxembourg. Hie war bestuet a Papp vu 5 Kanner.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Tony Wehenkel-Guillier, 'Am Dierfchen' - Monographie d'un quartier disparu de la vieille ville de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Les Amis de l'Histoire, Nr. XVI), 1995; 272 Säiten (ill.). ISBN 2-919884-16-6 ; ISSN 1016-3441

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ed Kayser 2003: Antoine WEHENKEL 1907-1992. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 409-410. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar - Mars Di Bartolomeo
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen