Romain Fandel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Romain Fandel, gebuer de 25. Juni 1922 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 22. Oktober 1985, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

De Romain Fandel war de Bouf vun engem Police-Commissaire. No sengem Lycée gouf hien 1942 zwangsrekrutéiert, an ass sech no engem Openthalt an engem Lazarett bis zu der Befreiung vu Lëtzebuerg verstoppe gaangen.

Nom Krich gouf hie Generalsekretär vun der Unio'n. Hien ass 1946 an d'LSAP agetrueden a gouf 1948, mat just 25 Joer, als dee bis deemools jéngsten Deputéierten an d'Chamber gewielt. Bis 1968 gouf hien ëmmer nees erëmgewielt. Vun 1951 bis 1958, 1961 bis 1964 an 1965 bis 1967 war hie Vizepresident, a vum Juli 1967 bis den Dezember 1968 President vun der Chamber. Virdrun, vun 1965 bis 1967, war hien och President vun der LSAP-Chambers-Fraktioun.

Berufflech war hie Gemengebeamten zu Esch-Uelzecht, ausser tëscht 1949 an 1953, wéi en duer an de Gemengerot gewielt gouf, a säi Beruff wéinst Inkompatibilitéit huet misse wiesselen.

Hie war ausserdeem Member vun de parlamentaresche Vereenegunge vun der Benelux an der NATO.

1966 war hien ee vun den Haaptleit an der Diskussioun ëm d'Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht an der Regierungskris, déi nom Récktrëtt vum Marcel Fischbach entstane war.

1971 ass hien der Sozialdemokratescher Partei bäigetrueden a war och ee Joer laang President vun där hirer Chambersfraktioun. Vun 1972 bis 1974 war hien onofhängegen Deputéierten.

Referenzen [änneren]

  1. Quell vun dësem Artikel: lsap.lu


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen