Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo Parteizentral
LSAP.png Generalsekretariat

68, rue de Gasperich
L-1617 Lëtzebuerg

Basisdonnéen
Grënnungsdatum: Januar 1902
Parteipresident: Claude Haagen
Vizepresidenten: Georges Engel, Taina Bofferding
Generalsekretär: Yves Cruchten
Trésorière: Jeanne Welter
Websäit: www.lsap.lu

D'Lëtzebuerger Sozialistech Aarbechterpartei (LSAP) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Géint dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn déi éischt Politiker zu Lëtzebuerg (virun allem am Kanton Esch) opgetrueden, déi sech dem sozialisteschen Ideal verschriwwen haten. 1902 gouf d'Sozialdemokratesch Partei vu Lëtzebuerg gegrënnt.[1]

Déi schlecht Aarbechtsbedingunge vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond accéleréiert an 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbewegung. D'Allianz mat de Liberalen, (de sougenannte 'Lénksblock', ass zerbrach an aus de Sozialdemokrate goufen d'Sozialisten, déi d'Republik verlaangt an d'allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. D'Partei sollt eng weider Spléckung am Joer 1920 matmaachen zu engem Ament wéi d'Kommunistesch Partei entstanen ass.

D'Sozialistesch Bewegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëlleche Succèse feieren: permanent ass se gewuess, d'Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollektivverträg goufe reglementéiert an d'Maulkuerfgesetz gouf verhënnert.

Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeefte Partei hiren Neesopbau ugefaangen an hir ass de Spronk an d'Regierungskoalitioun gelongen (1951-1959 an der Regierung Dupong-Bodson a Bech-Bodson an 1964-1968 an der Regierung Werner-Cravatte).

D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op e Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet déi Sozialdemokratesch Partei (SdP) gegrënnt.

Allerdéngs konnt d'LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun (Regierung Thorn-Vouel-Berg) wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë. a. d'Humaniséierung vum Stroofvollzuch), d'Aféiere vun enger 5. Woch Congé, d'Verallgemengeerung vun der 40-Stonnewoch, d'Aféiere vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d'Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Während dëser Legislatur huet d'LSAP hire berühmten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen decidéiert. Dëst war den definitiven Aus vun dem Projet.

1979 ass nees en Neiunfank gemaach ginn deen d'Partei zum grousse Walsuccès vun 1984 gefouert huet.

An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989, Regierung Santer-Poos I) ass et gelongen, eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol bis 1999 widderholl ginn: d'Regierunge Santer-Poos II an III an d'Juncker-Poos). An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert, grad wéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf.

D'LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun geschéckt ginn a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 nees als déi zweetstäerkst Partei am Land behaapten. Si gouf dunn och 2004 an 2009, Koalitiounspartner vun der CSV an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

No de virzäitegen Neiwale vum 20. Oktober 2013 huet d'LSAP sech mat der DP an deene Gréngen op eng Koalitioun gëeenegt, déi de 4. Dezember 2013 als Regierung Bettel-Schneider qssermentéiert gouf.

Parteipresidenten zanter 1945[änneren | Quelltext änneren]

  1. Michel Rasquin 1945-1951
  2. Paul Wilwertz 1951-1952
  3. Albert Bousser 1952-1954
  4. Émile Ludwig 1954-1955
  5. Paul Wilwertz 1955-1959
  6. Henry Cravatte 1959-1970
  7. Antoine Wehenkel 1970-1974
  8. Lydie Schmit 1974-1980
  9. Robert Krieps 1980-1985
  10. Ben Fayot 1985-1997
  11. Jean Asselborn 1997-2004
  12. Alex Bodry 2004-2014
  13. Claude Haagen zënter 2014

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fayot, Ben: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940, erausgi vum C.R.E.S. (Centre de recherches et d'études socialistes), 1979, Lëtzebuerg, 484 Säiten
  • Fayot. Ben: Sozialismus in Luxemburg. von 1940 bis zu Beginn der achtziger Jahre, o. J.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. P. Kieffer et al.: 50 Jahre Dienst am Volke. Das Werden und Wachsen der sozialistischen Bewegung in Luxemburg. Bd. 1: Von 1900-1924. Lux. Genossenschaftsdruckerei, Esch/Alzette 1952, S. 16: Am 2. Sonntag im Januar 1902, fand die Gründungsversammlung der sozialdemokratischen Partei statt. Dat wier den 12. Januar 1902.
    De P. J. Muller (Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vlg. "De Frendeskres" u. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg 1968, S. 324) gëtt de 5. Januar 1902 als Grënnungsdag un; dat wier den 1. Sonndeg am Januar 1902.
    Beim B. Fayot liest een: Allgemein wird angenommen, daß die heutige LSAP am Sonntag, de 26. Januar 1902 in der Hauptstadt gegründet wurde. (B. Fayot: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940. C.R.E.S., Luxemburg 1979, S. 67). Deen Datum -d. h. den 3. Sonndeg am Januar 1902 — fënnt een och an der Broschür 100 Joer Sozialistesch Partei zu Lëtzebuerg. LSAP 1902-2002: le LSAP hier et aujourd'hui, Édition de la Mémoire Socialiste, Luxembourg 2003, S. 15, mat der Prezisioun, dat wier d'Grënnung vun der Lokalsektioun vun der Stad Lëtzebuerg an Ëmgéigend (Sozialdemokratischer Verein für Luxemburg und Umgebung) gewiescht.