Radikal-Liberal Partei
D'Radikal-Liberal Partei (Parti Radical Libéral, PRL), war eng Lëtzebuerger politesch Partei.
Si ass 1932 entstanen aus dem Zesummeschloss vun der Radikal-Sozialistescher Partei an der Radikaler Partei, déi 1924 aus dem Auserneebrieche vun der Liberaler Liga entstane waren.
Méi spéit hu sech hir och aner liberal Gruppen ugeschloss, sou datt 1937 déi Liberal nees eng eenzeg Partei haten.
Vum 11. Abrëll 1932 bis dem 5. November 1937 war d'PRL Koalitiounspartner an der Regierung Bech.
Nom Zweete Weltkrich hu sech déi Liberal nees ënnert dem Numm Groupement Patriotique et Démocratique zesummefonnt, deen 1954 an Demokratesch Partei (DP) ëmbenannt gouf.
Prominent Membere vun der Radikal-Liberaler Partei waren ë. a. de Stater Buergermeeschter Gaston Diderich an d'Ministeren Nicolas Braunshausen, Norbert Dumont an Étienne Schmit.
Resultater vun de Chamberwalen 1934-1937 [änneren]
| Walresultater Radikal-Liberal Partei 1934-1937 |
||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Joer | Sëtzer | vun am Ganzen |
||||||
| 1934 | 3 | 54 | ||||||
| 1937 | 5 | 55 | ||||||