Liberté - Fräiheet!

Vu Wikipedia
Liberté - Fräiheet!
Leeder Roy Reding
Gegrënnt Juni 2023
Parteizentral Stad Lëtzebuerg
Politesch Positioun Mëtt-Riets bis Riets

Liberté - Fräiheet! ass eng politesch Beweegung, respektiv Partei, déi vum Roy Reding am Juni 2023 gegrënnt gouf, nodeems hien aus der ADR ausgetruede war.

D'Beweegung ass bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 eng éischt Kéier ugetrueden an dat mat komplette Lëschten an alle 4 Walbezierker. Si krut dobäi 1,13% vun alle Stëmmen (42.643 Stëmmen)[1]; net genuch fir ee Mandat.

Fir d'Europawalen 2024 huet se sech mat der Partei Déi Konservativ zesummegedoen, fir sech eng Lëscht ze deelen.

Eegeverständnis[änneren | Quelltext änneren]

Liberté - Fräiheet! versteet sech als eng Beweegung, déi vu Bierger an d'Liewe geruff gouf fir sech fir Meenungsfräiheet an de "Libre - Choix" am privaten an am ëffentleche Beräich anzesetzen. Si wëlle sech fir d'Erhale vun de Mënscherechter an engem Matsproocherecht bei alle wichtegen Entscheedungen, déi iwwer Bierger getraff ginn, asetzen. Hir Theemeberäicher sinn de Gesondheetssecteur, de Logement, d'Präisdeierecht, d'Upasse vun de Steiere fir Pensionären, Wittleit, Jonggesellen an alengerzéiend Elterendeeler. Si wëlle manner Bürokratie; si fannen Handelsaccorde mat Drëttlänner (wéi TTIP mat den USA, dee mat Mercosur, oder CETA mat Kanada) "fundamental begréissenswäert[2]". An der Landwirtschaft sollen ďPräisser käschtendeckend sinn a se si fir eng geenfräi Liewensmëttelproduktioun ouni Insekteschutzmëttelen. Si sinn och géint eng "Fréisexualiséierung" vun de Kanner a verlaange spezifesch Schoulunge fir ďLéierpersonal am Ëmgang mat Kanner déi Léierschwächten hunn. D'Handwierk soll méi gefërdert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. elections.public.lu
  2. (lb)Landwirtschaft, Naturschutz an Déierenwuehl. Liberté-Fräiheet!. Gekuckt de(n) 2023-09-13.
  3. 2009 hat de Veräin Liberté de conscience d'Internetsäit mam Numm fraiheet.lu online gesat, fir de Leit ze hëllefen aus der kathoulescher Kierch auszetrieden.