Walbezierker zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass, wat d'Wale fir d'Chamber ubelaangt, a véier Walbezierker agedeelt.
Dës Bezierker sinn an den Artikelen 51, 52 an 53 vun der Lëtzebuerger Konstitutioun definéiert[1]. D'Ofgrenzunge vun de Walbezierker baséieren op deene vun de Kantonen.
D'Zuel vun den Deputéiert, déi an engem bestëmmte Walbezierk gewielt kënne ginn, sinn am Artikel 117 vum lëtzebuergesche Walgesetz [2] festgeluecht an droen der Awunnwerzuel vum Walbezierk Rechnung.
Bei den aktuelle 60 Deputéiertesëtzer verdeelt sech dat 2011 esou:
| Walbezierk | Awunnerzuel | Prozent | Zuel vun den Deputéiertesëtzer | Kantonen |
|---|---|---|---|---|
| Zentrum | 177 922 | 34.7% | 21 (35%) | Lëtzebuerg, Miersch |
| Osten | 61 424 | 12% | 7 (11.7%) | Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech |
| Norden | 78 404 | 15.3% | 9 (15%) | Klierf, Dikrech, Réiden, Veianen, Wolz |
| Süden | 194 090 | 38% | 23 (38.3%) | Kapellen, Esch-Uelzecht |
Fir d'Wale fir d'Europäescht Parlament do dergéint gëtt et just ee Walbezierk, nämlech d'ganzt Land.
Diskussioun [änneren]
Et kënnt ëmmer nees zu ëffentlechen Diskussiounen doriwwer, wat besser wier: de System, wéi en ass bäizehalen, oder awer en ze änneren, sou datt et just nach, wéi fir d'Europwalen, een eenzege Walbezierk fir d'Chamberwale géif?
Déi fir den aktuelle System sinn sträichen ervir, datt nëmmen esou eng geographesch representativ Chamber zesumme kéim, wat sécherstelle géif, datt déi regionalspezifesch Intressen och Gehéier fanne géifen. Déi dergéint sinn soen, datt déi Ënnerscheeder haut keng méi esou wichteg Roll géife spillen, datt de kommunalen Niveau duer géing fir "Lokales" ze behandelen an datt een eenzege Walbezierk et engem méi einfach giff maachen, "déi Bescht" aus dem Land ze wielen, an net just "déi Bescht" aus dem Süden/Osten/Norden/Zentrum.