Allgemengt Walrecht
Ënner allgemengem Walrecht versteet een d'Recht fir jiddereen, dee groussjäreg ass, kënne bei Wale matzemaachen. Ausname kënne sinn, wann ee seng biergerlech Rechter verluer huet (z.B. bei schwéiere Verbriechen) oder net d'Nationalitéit huet vun deem Land, an deem ee wunnt (bei Wale fir en nationaalt Parlament).
Éier et en allgemengt Walrecht gouf, gouf et a ville Länner dat sougenannt Zensus-Walrecht, dat heescht, et hunn nëmmen déi däerfe Wiele goen, déi e festgesate Minimum u Steiere bezuelt hunn. Och Fraen hu laang net däerfe wielen, an a verschiddene Länner (wéi z.B. a Südafrika vum Apartheidsregime, oder och an den USA bis an d'Hallschecht vum 20. Joerhonnert) war d'Hautfaarf e Critère, wee wielen dierft a wien net.
Zu Lëtzebuerg gouf d'allgemengt Walrecht 1919, duerch d'Verfassungsännerung vum 15. Mee, agefouert. Dëst war eng laangjäreg Fuerderung ë.a. vun de Sozialiste gewiescht. Profitéiert (wat Wielerstëmmen ubelaangt) hat awer virun allem d'Rietspartei, där hir Rechnung, datt d'Fraen, wann se d'Walrecht hätten, éischter konservativ wiele géifen (oder esou, wéi se gesot kréichen), opgaangen ass.