Volt Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Volt Lëtzebuerg
Ofkierzung Volt
President Aurélie Dap
Philippe Schannes
Generalsekretär Daniel Silva
Tresorier Samuel Moïse
Gegrënnt 2018
Parteizentral Schëffleng
Politesch Positioun Europäesche Fëderalismus
Progressivismus
Sozialliberalismus
Europäesch Affiliatioun Volt Europa
Faarwen Mof
Slogan Zukunft Made in Europe
Websäit
www.voltletzebuerg.org/

Volt Lëtzebuerg ass eng politesch Partei zu Lëtzebuerg. Et ass eng intern Sektioun ("Kapitel" genannt) vu Volt Europa a gouf 2018 gegrënnt. Bei der Europawal 2019 krut Volt 2,11% vun de Stëmmen, krut domat awer kee Sëtz am Parlament.

Volt sëtzt sech zanter hirer Grënnung fir e fëderaalt Europa an a strieft eng enheetlech europäesch Politik an allen europäesche Länner un.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei gouf den 10. November 2018, als Deel vun der paneuropäescher Beweegung Volt Europa gegrënnt[1]. D'Zil vun der Partei a vun der Beweegung ass et, fir Europa ze reforméieren, méi demokratesch ze maachen an d'Europaparlament ze stäerken. Dofir gi sougenannt Kapitelen a ganz Europa gegrënnt[2].

Europawal 2019[änneren | Quelltext änneren]

Hir Lëscht mat de Kandidate fir d'Europawal gouf den 20. Mäerz 2019 virgestallt[3]. Ënner anerem duerch d'Ënnerschrëft vum DP-Depuéierte Max Hahn konnt der Partei hier Lëscht offiziell eragereecht ginn a si domat offiziell un der Wal deelhuelen.[4] D'Lëscht vun de Kandidate war immens international markéiert; et si Kandidate mat lëtzebuergeschen, italieeneschen, spueneschen, franséischen, amerikaneschen, portugiseschen a britteschen Originnen ugetrueden. Dat waren nieft dem Marthe Hoffmann, dem Daniel Silva an der Julia Pitterman och de Rolf Tarrach, fréieren Direkter vun der Universitéit Lëtzebuerg, d'Fiona Godfrey, Presidenten vun der BRILL (British Immigrants Living in Luxembourg) a Co-Presidenten vu British in Europe, an de Christopher Lilyblad, Conseiller an der Gemeng Betzder, fréieren CSV-Politiker a Projektleiter an der EU-Kommisioun.[5][6][7]

Am Virfeld vun der Wal hat RTL d'Diffusioun vun engem Walspot vun der Partei uganks refuséiert, well deen op Franséisch amplaz op Lëtzebuergesch war.[8] No enger Interventioun vun der ALIA huet RTL dann awer d'Reklamm vun der Partei gewisen.[9]

Virun der Wal hunn d'Kandidate vun der Partei zesumme mat anere Kandidaten eng Erklärung ënnerschriwwen, an där si sech verflichten hier parlamentaresch Position ze notzen, fir de Schutz vun LGBTQIA+ am EU-Droit an an der EU-Politik ze stäerken, en Ëmfeld fir LGBT-Mënscherechtsverteideger ze schafen, sech fir Stëmmen anzesetzen, déi net genuch representéiert sinn an déi wichteg Positioun vun der EU bei LGBT-Rechter sécherzestellen.[10] D'Partei huet betount, datt d'EU sech Problemer wéi dem abordablem Wunnen, der Aarmut, der Ongläichheet tëscht de Geschlechter, der Homophobie, dem Jugendchômage, der Klimakris an der Korruptioun stellen a besser ugoe muss.[11] Fir Volt konzentréiert sech d'Europäesch Unioun ze vill op technokratesch Projeten a misst d'Bierger erëm méi an de Mëttelpunkt vun hirem Projet stellen.[12]

No der Europawal[änneren | Quelltext änneren]

No der Wal huet d'Partei ugekënnegt, bei deene kommende Parlaments- a Europwalen matzemaachen.[13] Am Juli 2020 huet d'Partei kritiséiert, datt et wärend der COVID-19-Pandemie keng gutt Koordinatioun gouf an d'Länner éischter alles eleng decidéiert hunn, amplaz d'Ressource bannent Europa zesummenzeleeën an d'Pandemie gemeinsam unzegoen. Si hu gefuerdert, datt een an Europa nach méi misst zesummeschaffen fir Krisen méi séier a méi effikass an de Grëff ze kréien. Dobäi huet d'Partei och op aner grouss Erausfuerderungen higewisen, wéi z.B. d'Flüchtlingskris oder d'Klimakris, déi een och net als Natioun eleng kann ugoen.[14]

Chamberwalen 2023[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 2023 huet d'Partei am Walbezierk Süde mat 23 Kandidaten an am Oste mat 3 Kandidate matgemaach.[15] De Schwéierpunkt vum Programm bei der Wal waren d'Thema Europa, Biergerbedeelegung an de Klimaschutz.[16][17] Mat 34,8 Joer waren d'Kandidate vu Volt duerchschnëttlech déi jéngst.[18][19] D'Chamberwalen hu Volt am ganze 7.001 Stëmmen abruecht, wat 0,19% vun alle Stëmmen entsprach huet.[20]

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Joer Wal Undeel vu Stëmmen Sëtz
2019 Europa Europawal 2019 2,11 %
0/6 Sëtz
2023 Chamberwalen 2023 0,19 %
0/60 Sëtz
2024 Europa Europawal 2024 x %

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volt Luxemburg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. European elections candidates
  2. Volt Lëtzebuerg: New party to present candidates for the European elections
  3. Sechs unter 785
  4. Volt stellt Liste für Europawahl auf
  5. Former Luxembourg University head: Why I’m standing in the EU election
  6. Wie die transnationale Partei "Volt" Europa reparieren will
  7. Britons' rights campaigner stands in European elections
  8. Election broadcasts refused for being in French
  9. RTL succumbs to pressure on election ads
  10. Pledge calls on EU Parliament candidates to defend LGBTI rights
  11. EP candidates set out their vision of Europe
  12. Delano Live: Saving Europe
  13. (de)Isabel Spigarelli, Volt: Erste EU-Wahl brachte der Partei einen Sitz ein. (01. Juni 2019). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  14. (en)Julie Pelcé & George Penn, Unity is needed now, more than ever (06. Juli 2020). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  15. (lb)D'Kandidate vu Volt fir de Süden an den Osten. RTL (10. August 2023). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  16. (lb)Diana Hoffmann, Volt fir d'Nationalwalen. "Mer kënnen nëmme gewannen, wa mer méi Europa hunn". RTL (17. August 2023). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  17. (lb)Walprogramm 2023 - Volt Lëtzebuerg. Volt Lëtzebuerg Archivéiert op 2023-08-28. Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  18. (lb)Mélodie Mouzon, Chamberwahlen: Nur 42,8 Prozent der Kandidaten sind weiblich. Luxemburger Wort (23. August 2023). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  19. (lb)Von 18 bis 84: Alter und Geschlechterparität bei den Chamberwahlen 2023. Tageblatt (22. August 2023). Gekuckt de(n) 28. August 2023.
  20. elections.punlic.lu.