LGBT

Vu Wikipedia
De Reeboufändel ass ee vun de Symboler vum LGBT Mouvement

LGBT ass en Akronym, dee sech op déi lesbesch, lénks, bisexuell an transgender Communautéit bezitt (op Englesch: Lesbian, Gay, Bisexual and Transgender). De Begrëff gëtt zanter den 1990er Jore benotzt an ass eng Adaptatioun vum Akronym LGB, dee selwer deen an den engleschsproochege Länner dacks benotzte Begrëff gay community (lénks Communautéit) an der zweeter Hallschent vun den 1980er Joren ersat huet, well vill Leit aus där Communautéit fonnt hunn, e géif net jiddweree representéieren op deen e sech bezitt.

Zanterhier gëtt dës Ofkierzung geleefeg benotzt fir d'Eegebezeechnung a gouf vun deene meeschten op Sexualitéit a Gender-Identitéit spezialiséierten Zentren a Medien an engleschsproochege Länner, mä awer och a villen net engleschsproochege Länner adoptéiert ginn.[1]

Den Term LGBT soll op d'Diversitéit vun der Sexualitéit an de Gender-baséierte Kulturen hiweisen a gëtt heiansdo benotzt fir sech op jiddwereen (amplaz exklusiv nëmmen op lesbesch, lénks, bisexuell oder transgender Persounen) ze bezéien, deen net heterosexuell ass. Dofir hu sech och nach aner, manner bekannt Varianten entwéckelt, wéi LGBTQ (Q fir queer oder questionning, also fir Leit, déi sech net sécher iwwer hir sexuell Orientéierung an/oder Identitéit) sinn, LGBTI (I fir Intersexualitéit) an LGBTIH (IH bezitt sech op déi an Indien verbreet Hijra-Kultur vum drëtte Geschlecht).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: LGBT – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuckt ënner anerem d'Websäit vu Rosa Lëtzebuerg: gay.lu