Michel Rasquin
De Michel Rasquin, gebuer den 19. September 1899 zu Péiteng, a gestuerwen de 27. Abrëll 1958, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (LSAP). De Michel Rasquin ass de Papp vum Gérard Rasquin.
Inhaltsverzeechnes |
De Journalist [änneren]
Virun a nom 2. Weltkrich huet hien als Redakter beim Escher Tageblatt geschafft. Am Krich war hien zu Marseille Chefredakter vun der Wochenzäitschrëft "Vérité".
De Politiker [änneren]
Hien huet seng politesch Carrière um Enn vum Zweete Weltkrich ugefaangen. Bannent e puer Méint huet hien et vum Sekretär vun der Escher Lokalsektioun vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei (déi spéider LSAP) zum Parteipresident bruecht (bis 1951).
Vum 14. Dezember 1945 bis de 6. Juli 1948 war de Michel Rasquin Member vum Staatsrot.[1]
De 6. Juni 1948 gouf hie fir d'éischt an d'Chamber gewielt.
Vum 10. Abrëll 1949 bis de Juli 1951 war hie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.
1951 gouf hie Wirtschaftsminister an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson, an 1953 an der Regierung Bech-Bodson. Am Januar 1958 gouf hien zum éischte Lëtzebuerger Member vun der Europäescher Kommissioun ernannt. Mä schonn am Abrëll vum selwechte Joer ass de Michel Rasquin gestuerwen.
Literatur [änneren]
- Muhlen, Ernest: Michel Rasquin, ein Europäer der ersten Stunde , in Luxemburger Wort. - Jg. 141(1988), Nr. 161 (13. Juli), p. 3
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Interview mam Michel Rasquin am Tageblatt 1948
- Bréif vum Michel Rasquin un de Joseph Bech iwwert d'Ratifikatioun vum CECA-Traité