19. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 19. September ass den 262. Dag (263. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1955: Den argentinesche President (säit 1946) Juan Domingo Peron gëtt duerch e Militärputsch gestierzt.
- 1985: Äerdbiewen zu Mexico-City: ~ 30.000 Doudeger.
- 1991: Touristen entdecken beim Similaun-Gletscher am Ötztal d'mumifizéiert Läich vum "Ötzi".
Lëtzebuerg [änneren]
- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Lucien Konter geschoss.[1]
- 1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 2:5 géint Jugoslawien. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[2]
- 1981: An der Stad gëtt d'Groussgaass offiziell als Foussgängerzon ageweit.
Gebuer [änneren]
- 1749: Jean Baptiste Joseph Delambre, franséischen Astronom.
- 1813: Christian Heinrich Friedrich Peters, däitsch-amerikaneschen Astronom.
- 1880: Albert von Brunn, däitschen Astronom.
- 1899: Michel Rasquin, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 1912: Marcel Engel, lëtzebuergesche Professer a Publizist.
- 1926: Jean-Pierre Georg, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1939: Nicolas Libar, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1940: Karin Baal, däitsch Schauspillerin.
- 1941: Gérard Corbiau, belsche Filmregisseur.
- 1941: Peter Hinnen, Schwäizer Jodler, Schlagersänger a Filmschauspiller.
- 1945: Benoît Lamy, belsche Filmregisseur.
- 1947: Roger Gilson, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 1949: Twiggy, englesch Actrice, Fotomodell a Sängerin.
- 1954: Nico Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1965: Elvira Berend, lëtzebuergesch Schachspillerin.
- 1978: Michelle Alves, brasilianescht Fotomodell.
Gestuerwen [änneren]
- 1843: Gaspard-Gustave de Coriolis, franséische Mathematiker an Ingenieur.
- 1905: Gabriel Mayer, franséisch-lëtzebuergeschen Entreprener.
- 1948: Jan Welzl, genannt Eskimo Welzl, tschecheschen Aventurier, Weltreesender an Eskimohäuptling.
- 1981: Pierre Biermann, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Publizist.
- 2008: Marcel Dierkens, belsch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2009: Eduard Zimmermann, däitschen Televisiounsmoderator a Sécherheetsexpert.
Feierdeeg [änneren]
- Den 19. September ass a Chile den Día de las Fuerzas Armadas, den Dag vun der Arméi.
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 19.September – Biller, Videoen oder Audiodateien |