Den Adam West, gebuer den 19. September 1928 zu Walla Walla, Washington als William West Anderson a gestuerwen den 9. Juni 2017 zu Los Angeles, Kalifornien[1],[2], war en US-amerikanesche Schauspiller a Synchronspriecher. De West gouf duerch seng Roll vum Batman an der Verfilmung vun der Batman-Serie bekannt, déi vun 1966 bis 1968 op der US-amerikanescher Tëlee gelaf ass.