Jean-Pierre Georg

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Georg
Gebuer 19. September 1926
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 21. Oktober 2004
Fenneng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Famill
Bestuet mat Maggy Stein


De Jean-Pierre (Jim) Georg, gebuer den 19. September 1926 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 21. Oktober 2004 zu Fenneng[1],[2], war e lëtzebuergesche Sculpteur, deen an de verschiddenste Materialien, wéi Holz, Steen, Marber a Metall, geschafft huet[1].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Georg, deen an enger Aarbechterfamill gebuer war, huet fir Sculpteur an der Beruffsschoul vun Esch-Uelzecht geléiert[3].

1944 gouf hien an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert. E puer Deeg virum Waffestëllstand vun 1945 gouf hie blesséiert a konnt eréischt 1947 op Lëtzebuerg zeréckkommen, wou hien zwee Joer a Klinicke verbruecht huet, fir sech duerno an der Schwäiz z'erhuelen, wou hie kleng Skulpture vun Déieren am Leem realiséiert huet. 1957 kënnt hien zeréck op Lëtzebuerg, wou hien als élève libre an de Course beim Lucien Wercollier an der Handwierkerschoul um Lampertsbierg ageschriwwen ass, a gläichzäiteg als Aarbechter an och Employé a verschiddene Betriber schafft[3].

1962 huet de Jean-Pierre Georg fir d'éischt seng Aarbechten am Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt, duerno och an enger Rëtsch vun aneren Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am Ausland, sou z. B. zu Mailand, Modena, a besonnesch och zu Carrara an Italien, wou hie reegelméisseg geschafft a sech weiderforméiert huet[3].

1980 huet hie sech mat der Sculptrice Maggy Stein (1931-1999) bestuet[3].

Ëffentlech Sammlungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Hibou/Eil. Skulptur vum Jean-Pierre Georg. Gëtt all Joer dem Laureat vum Präis Hëllef fir d'Natur iwwerreecht.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Agnisola, Giorgio, 1990. Arte in Lussemburgo dopo il 1945. Caserta: Artepresente. 74 p.
  • Agnisola, Giorgio, 1993. Georg e Stein e la scultura lussemburghese. Artepresente.
  • Audry, Rich, 1984. Jean-Pierre Georg: une autre valeur de la forme. Tageblatt Nr. 70: 6.
  • Ketter, Rolph, 1966. Arts et Lettres Nr. 1.
  • Koltz, Jean-Luc, 1989. 150 ans d'art luxembourgeois au Musée national d'Histoire et d'Art: Peinture et sculpture depuis 1839. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art. 143 p.
  • Stein, Maggy, & Jean-Pierre Georg, 1991. Maggy Stein, Jean-Pierre Georg: sculptures. Luxembourg: Galerie de Luxembourg, Impr. St. Paul. 185 S.
  • Wampach, Jos, 1974. Connaissance des Arts Nr. 273.
  • Wagener, Danièle, 1984. Nos cahiers Nr. 1.
  • Wagener, Danièle, 1985. Le Nouveau Luxembourg Nr. 5.
  • Wagener, Danièle, 1986. L'Oeil Nr. 369
  • Wampach, Jos., 1990. Cahiers Luxembourgeois Nr. 4.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Lexikon 2006, S. 139.
  2. Cf. http://www.mediart.lu/artist/georg-jean-pierre-2/
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Becker, N., 2015. Ons stad 108: S. 78-79.