Wilhelm Voigt
De Friedrich Wilhelm Voigt (* 13. Februar 1849 zu Tilsit am déizäitegen däitschen Ostpreussen; † 3. Januar 1922 an der Stad Lëtzebuerg) war en däitsch-lëtzebuergesche Schouster. Bekannt gouf en als Hauptmann von Köpenick.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
De Wilhelm Voigt gouf 1849, als Jong vun engem Schouster, zu Tilsit gebuer. Selwer e Schouster, gouf hien tëschent den 1860er an 1890er Jore méifach wéinst Vol an Urkundefälschung verhaft a veruerteelt, woufir e bis zu 15 Joer am Prisong souz.
Den 22. Mee 1909 huet hie sech an der Stad op der Gemeng ugemellt a krut den 1. Mee 1910 Lëtzebuerger Pabeieren. Hien huet sech en Haus kaaft (op Nr 5 an der Neipert-Strooss) an huet als Schouster an als Garçon geschafft. Doniewent huet hien d'Story vu senger "Heldendot" ausgenotzt fir geleeëentlech am amerikaneschen Zirkus "Barnum & Balley" opzetrieden.
De Wilhelm Voigt ass den 3. Januar 1922 am Alter vun 73 Joer an der Stad gestuerwen,[1] a gouf um Nikloskierfecht begruewen. Wëll hie komplett veraarmt war, huet den Aarmebüro d'Käschte vu sengem Begriefnes iwwerholl.
Säi Graf [änneren]
Dem Wilhelm Voigt säi Graf hat laang Jore kee Grafsteen. 1961 huet den Zirkus "Sarrasani", bei deem de Voigt ni opgetruede war, d'Grafkonzessioun fir 15 Joer iwwerholl an e Grafsteen opstelle gelooss mat dem Text: "Wilhelm Voigt, genannt Hauptmann von Köpenick, 1850-1922, gewidmet vom Circus Sarrasani, September 1961". Dobäi gouf d'Gebuertsjoer falsch (1850) uginn, well a Wirklechkeet war de Voigt 1849 gebuer. Dësen Iertum gouf awer eréischt 15 Joer méi spéit festgestallt.
Wéi 1975 d'Grafkonzessioun sollt oflafen ass gefaart ginn, d'Graf géif verschwannen. Verschidden Zeitungen an Däitschland an zu Lëtzebuerg hunn dorop opmierksam gemaach. Schlussendlech huet d'Stad Lëtzebuerg d'Konzessioun iwwerholl an et gouf e Concours ausgeschriwwe fir en neie Grafsteen. Dem Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Pierre Georg seng Propose ass zréckbehale ginn.
D'Köpenickiade [änneren]
De 16. Oktober 1906 huet de Wilhelm Voigt sech als Hauptmann verkleet a mat e puer Zaldoten, déi en op der Strooss 'rekrutéiert' huet, d'Stadhaus vu Köpenick, am Oste vu Berlin, besat. Hien huet de Buergermeeschter verhafte gelooss an sech mat der Stadskeess duerch d'Bascht gemaach.
Zéng Deeg dropp gouf e festgeholl, an zu 4 Joer Prisong veruertelt. 1908 huet de Keeser Wilhelm II. e begnodegt, an hien ass fréizäiteg entlooss ginn.
Duerch dës Anekdot, déi spéider Köpenickiade genannt gouf, gouf de Voigt deemools weltbekannt. Hien ass op "Tournéeen" ë. a. am Kanada, den USA an a Frankräich gaangen, wou e seng Dot a Cabareten nogespillt huet, an am Wuesfigure-Cabinet vun der Madame Tussaud gouf eng Figur vun him opgeriicht. 1909 huet hie seng Memoirë publizéiert.
Theaterstéck a Verfilmung [änneren]
De Carl Zuckmayer huet 1930 dat vun där Geschicht inspiréiert Kaméidisstéck Der Hauptmann von Köpenick geschriwwen. Dat Stéck gouf duerno e puer Mol verfilmt.
Kinofilmer [änneren]
- 1906 Der Hauptmann von Köpenick vum Heinrich Bolten-Baeckers mam Ernst Baumann als F. W. Voigt
- 1926 Der Hauptmann von Köpenick vum Siegfried Dessauer mam Hermann Picha als F. W. Voigt
- 1931 Der Hauptmann von Köpenick vum Richard Oswald mam Max Adalbert als F. W. Voigt
- 1956 Der Hauptmann von Köpenick vum Helmut Käutner mam Heinz Rühmann als F. W. Voigt
Televisioun [änneren]
- 1960 Der Hauptmann von Köpenick vum Rainer Wolffhardt mam Rudolf Platte als F. W. Voigt
- 1997 Der Hauptmann von Köpenick vum Frank Beyer mam Harald Juhnke als F. W. Voigt
- 2001 Der Hauptmann von Köpenick vum Katharina Thalbach mam Katharina Thalbach als F. W. Voigt
Literatur [änneren]
- Jungblut, T., 1939. Geschichten von sieben Friedhöfen. A-Z : Luxemburger illustrierte Wochenschrift, Jg. 7, Nr. 6 (5. Februar 1939), S. 4-6. [2]
- Löschburg, W., 1996. Ohne Glanz und Gloria: die Geschichte des Hauptmanns von Köpenick. 6. Auflage. Berlin, Morgenbuch Verlag, 332 S.
- Mersch, F., 1978. Luxembourg: Belle Epoque, Guerre et Paix. Luxembourg, 404 S. (Wilhelm Voigt, S. 250-255).
Referenzen [änneren]
Links [änneren]
| Commons: Wilhelm Voigt – Biller, Videoen oder Audiodateien |