5. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 5. September ass den 248. Dag vum Joer (249. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1698: De russeschen Zar Péiter de Grousse féiert eng Steier op Bäert an, fir sengem Vollek orientalesch Bräich ofzegewinnen.
- 1914: Am Éischte Weltkrich fänkt d'Marneschluecht un, an där 550.000 Zaldote stierwen.
- 1928: De britesche Bakteriolog Alexander Fleming entdeckt, datt de Schimmelpilz "Penicillin notatum" d'Bakterien um Wuessen hënnert.
- 1944: D'Conventioun iwwer d'Benelux-Zollunioun gëtt ënnerschriwwen (en trëtt den 1. Januar 1948 a Kraaft).
- 2001: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:3 géint Schwäiz.[1]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:5 géint Israel.[2]
- 2009: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Chisinau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[3]
[änneren] Gebuer
- 1187: Louis VIII., Kinnek vu Frankräich.
- 1638: Louis XIV., Kinnek vu Frankräich.
- 1763: Jean-Georges Willmar, Jurist a Gouverneur vu Lëtzebuerg 1817-1831.
- 1875: Paul Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1907: Jules Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1920: Fons Rademakers, hollännesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1922: Charles Reichling, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 1935: Dieter Hallervorden, däitsche Kabarettist a Komiker.
- 1940: Raquel Welch, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1942: Werner Herzog, däitsche Filmregisseur.
- 1946: Freddie Mercury, britesche Sänger (Queen).
- 1948: Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin.
- 1951: Michèle Thoma, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1956: Marianne Majerus, lëtzebuergesch Fotografin.
[änneren] Gestuerwen
- 1569: Pieter Bruegel den Eeleren, flämesche Moler.
- 1701 - James II., Kinnek vun England an als James VII. Kinnek vu Schottland.
- 1877: Crazy Horse, Häuptling vun den Oglala-Lakota-Sioux-Indianer.
- 1891: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1910: Alexander Baumgartner, Schwäizer Jesuit a Literaturwëssenschaftler.
- 1942: Alphonse Schmit, lëtzebuergesche Mathemnatikprofesser an Nazi-Affer.
- 1988: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller.
- 1989: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 1997: Agnes Gonxha Bojaxhiu, albanesch Uerdensgrënnerin a Friddensnobelpräisdréierin (Mutter Teresa).
- 1997: Georg Solti, ungareschen Dirigent.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 5. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 5. September 2001 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel de 5. September 2002 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Moldawien-Lëtzebuerg de 5. September 2009 um Site European Football