Tamara Michailowna Smirnowa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Tamara Michailowna Smirnowa , gebuer de 25. Dezember 1918 a gestuerwen am Joer 2001 war eng sowjetesch Astronomin.
Vu 1966 bis 1988 war si Mataarbechterin vum Institut fir Theoretesch Astronomie zu Leningrad. Si ass Matentdeckerin vum Koméit 74P/Smirnova-Chernykh zesummen mam Nikolai Stepanowitsch Tschernych. Si entdeckt an hirem Liewen méi wéi 100 Asteroiden[1]. No hir ass den Asteroid (5540) Smirnova genannt.
Literatur[änneren]
- Lutz D. Schmadel: Dictionary of Minor Planet Names. 5th ed. Springer, Berlin 2003, S. 472, ISBN 3540002383 (engl.) [Voransicht bei Google Book Search